Musek Loivós - Musek aus dem Refugium

Loivós ass ee klengt Duerf am Norde vu Portugal - an och eng lëtzebuergesch Band. Hir nei Single "Wheels" ass d'Geleeënheet, méi erauszefannen, wat déi zwou Saache matenee verbënnt. Rockmusek mat variéierten Influenzen an engem ganz eegene Charakter.

Marc Clement / cz

Loivos

Loivós ass ee klengt Duerf am Norde vu Portugal - an och eng lëtzebuergesch Band. Hir nei Single "Wheels" ass d'Geleeënheet, erauszefannen, wat déi zwee verbënnt.

"Mir probéieren eis zwee mol d'Joer hei ze verschanze fir Musek ze maachen", erkläert de Gilles Dax de Bandnumm. Wat dobäi erauskënnt ass beréierend Rockmusek mat progressiven Influenzen an engem eegene Charakter.

Déi meescht vun der Band ware virun hirem Studium Membere vu Five Cent Cones an hunn dës Léisung gewielt, well si sech net méi oft op där selwechter Plaz erëmfannen.

Dowéinst gouf et si och live a leschter Zäit net esou oft ze gesinn, mee am Studio loossen d'Museker hirer Imaginatioun fräie Laf. De Song "Wheels" ass just deen éischte vun enger klenger Sammlung, déi geschwënn erauskommen.

An der Mediathéik:

Musek Aktuell / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Francisco Fernandez
Nei Single vun The Ferocious Few

De Francisco Rodriguez ass zanter gutt fënnef Joer zu Lëtzebuerg als Live-Museker ënnerwee an huet grad en EP mat sengem Coequipier Yves Ditsch fäerdeg gestallt. Déi éischt Single koum de Freiden eraus.

Sharon Van Etten - We've Been Going About This All Wrong
Musek

Och wann den Titel vun hirer neier Plack eppes Aneres suggeréiert, sou huet d'Sharon Van Etten och mat hirem sechsten Album "We've Been Going About This All Wrong" nees op ganzer Linn ofgeliwwert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen