Mat "Mezzanine" bréngt de briteschen Trip Hop Duo Massive Attack den 20. Abrëll 1998 ee vun deenen Albumen eraus, déi eng Carrière a Bëtong géissen. Déi zweet Single vum Disk Teardrop ass net nëmmen en Top Ten Succes, mä gëtt nach Jore méi spéit als Generique fir audiovisuell Produktioune benotzt.
Fir de Gesang an d'Texter op der Plack, déi vun aussergewéinlecher Qualitéit sinn, ass d'Frontfra vun de Cocteau Twins, d'Elisabet Fraser responsabel. Mä firwat eis mat engem Stéck zefridde ginn, dat praktesch jidderee schonns onendlech Kéieren héieren huet? An der Rubrik Twenty/Twenty lauschtere mir "Risingson" mat Massive Attack selwer op de Vocals.
D'Anne ass net do. De Mike kënnt dofir op e Sprong an de Studio fir de Programm vun der Rockkultur ze beliichten, am Fokus stinn The Breeders.
Nieft dem Concertstipp lafen déi bescht nei Indie Stécker, dorënner fusch nei Singelen ë. a. vum Ezra Furman, Xavier Rudd, Palace Winter, Mynth a Frankie Cosmos.
Albumen, déi knapps eraus sinn: "Carry No Ghosts", déi nei Scheif vu General Elektriks an "The Two Worlds" vum Brigid Mae Power, eisen Album vun der nächster Woch.