D'Cornistin Amanda Kleinbart "Mir wëssen, wat mer um Quintett hunn"

Op Virschlag vum fréieren Direkter vum radio 100,7, dem Fernand Weides, krut d'Cornistin Amanda Kleinbart 2008 den IKB Jugend-Förderpreis. Haut ass si Member vun der NDR-Elbphilharmonie a spillt am Acelga-Quintett.

Guy Engels / cz

Amanda Kleinbart
Foto: presse-service.de

Acelga - dat ass de spueneschen Numm vun engem Geméis - bei eis als Mangold bekannt. Fir elo do d'Kéier bei d'Musek, bei d'Originë vum Numm vum Acelga-Quintett ze kréien, ass eigentlech relativ einfach. Hanna Mangold, esou heescht d'Flüttistin vum Quintett. Si huet schonn a fréie Jore mat der Cornistin Amanda Kleinbart am Trio gespillt. D'Amanda Kleinbart ass Lëtzebuergerin, hir Mamm huet allerdéngs argentinesch Wuerzelen a Spuenesch ass hir zweet Sprooch. An esou gouf aus Mangold den Acelga-Quintett.

Zanter 2012 als Quintett

Als Studenten hu se sech 2012 zesummegedoen. Antëscht hunn d'Hanna Mangold (Flütt), de Sebastian Poyault (Hautbois), de Julius Kircher (Klarinett), d' Antonia Zimmermann (Fagott) an d'Amanda Kleinbart (Cor) fest Plazen an Orchesteren. D'Amanda Kleinbart ass Member vun der NDR-Elbphilharmonie. Déi aner Museker spillen an der Deutschen Staatsphilharmonie Rheinland-Pfalz, am Gürzenich-Orchester Köln an am Orchester vum Nationaltheater Mannheim.

Dat eenegermoosse gereegelt Aarbechtsliewe verlaangt eng grouss Flexibilitéit a vill Engagement fir d'Aktivitéite vum Quintett, besonnesch elo, wou sech och privat Munches am Liewe vun de Museker verännert huet. Kanner sinn op d'Welt komm, an d'Familljeliewe verlaangt vill Organisatiounstalent.

Dat alles mécht de Management vun de Quintett-Aktivitéiten net einfach, awer kee wëllt déi gemeinsam Zäit mëssen. "Mir wëssen, wat mer um Quintett hunn", seet d'Amanda Kleinbart. D'Léisung ass, datt den Ensemble sech fir eng konzentréiert Prouwen- a Concertsphase trëfft, wéi dat och elo de Fall ass. De 5 Museker preparéieren am Ament zu Mannheim déi nächst Serie vu Concerten.

Fest am Repertoire

D'Logistik ass wuel méi komplizéiert ginn, duerfir ass de Choix vum Repertoire fir den Acelga-Quintett iwwert d'Joren méi einfach. Déi fënnef Museker hu vill probéiert, vill experimentéiert a lues awer sécher e Gefill krut, fir Programmen, déi fonctionnéieren, déi och beim Public ukommen.

Nieft de renge Concertsprogrammer proposéiert den Acelga-Quintett och ëmmer multidisziplinär Konzepter a speziell Kannerprogrammer, déi duerch déi eege perséinlech Entwécklungen antëscht nach eng ganz aner Bedeitung kruten.

2017 huet den Acelga-Quintett seng éischt CD erausbruecht -"Bohemia" - e Programm, mat deem den Ensemble nach dacks ënnerwee ass. Selbstverständlech gëtt et och nach aner Programmen a genuch Iddie fir een zweeten Disque. Mee do wëllen déi 5 Museker nach net esou richteg mat der Sprooch eraus.

Méi zum Thema

Bach in the Subways
Resonanzen-Special

Aus enger spontaner Aktioun vum Cellist Dale Handerson huet sech 2010 d'Initiativ Bach in the Subways entwéckelt. Antëschent sinn och Lëtzebuerg an de radio 100,7 vum Bach-Virus ugestach.

Anaïs Gaudemard & Klasse Europaschoul
Schoulprojet

Kanner aus der Europaschoul hunn eng Harfenistin an der Philharmonie getraff a mat hir e Gespréich geféiert. Eng Zesummenaarbecht vun dëser Schoul, der Philharmonie an dem radio 100,7.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen