Ryvage presentéiert Tides EP "Meng perséinlechst an intuitiivst Aarbecht"

Elektronesch Musek ass zu Lëtzebuerg Mangelware. Ryvage ass deen Artist, deen am Beräich vum Synthwave an Electropop momentan am aktiivsten ass. An dëse Freideg presentéiert hien endlech säin éischten EP.

Yves Stephany

Ryvage
Ryvage (Foto: Mike Zenari)

Den EP "Tides" wier aus der Isolatioun eraus entstanen. "Ech hu mech physesch ofgekapselt", seet de Samuel Reinard. "Generell ass de Prozess als elektronesche Museker souwisou zimlech solitär." Awer hien hätt och bewosst eng Ausernanersetzung mat sech selwer gesicht.

D'Sujeten, déi hie verschafft huet, wiere ganz universell, wéi Gediechtnes, Identitéit oder Zäit. "Mee och de Prinzip vun der Suerg oder vun den Angoissen, déi och haut politesch vill genotzt ginn. A wéi si sech an dengem perséinleche Liewen entfalen."

Et wier déi perséinlechst an intuitiivst Aarbecht, déi hie bis elo gemaach hätt, seet de Samuel Reinard.

Musek als Rees

Ryvage, d'Küst, dat ass fir de Lëtzebuerger Producer ëmmer mat enger Rees verbonnen. "Fir mech ass Musek produzéieren e bësse wéi mech an den Auto setzen an op eng Küst fueren, an dann einfach dat grousst Oppent kucken. Den Infini, deen s de gesäis, wann s de justement den Horziont kucks."

Obwuel den "Tides" aus der Isolatioun eraus entstanen ass, huet de Samuel Reinard e weidere Rework drop gepaakt. Seng Versioun vun engem Sun Glitters Track ass deen drëtte, deen hie verëffentlecht, no Wierker vum Laurent Garnier, Pascal Schumacher an Eyes In My Eyes, déi hien a sengem Studio verschafft huet.

Dat wier ee Wee, fir trotz der Solitude mat anere Leit ze kollaboréieren, seet de Samuel Reinard. "Et hëlleft dir och ze kucken, wéi s du dech par Rapport zu engem aneren Univers Sonore artikuléiere kanns."

Dëse Freideg, de 5. Juli gëtt "Tides" an de Rotonde virgestallt. Niewent Concerte vu Ryvage, Them Lights an Airship 81 gëtt och de Museksvideo zu "Program" eng éischte Kéier gewisen.

De Cover vun "Tides" vum Jeff Poitiers


De Samuel Reinard am Gespréich mam Yves Stephany

Lauschteren

Méi zum Thema

THOM YORKE by ALEX LAKE WWW.TWOSHORTDAYS.COM
Thom Yorke - Anima

Den Thom Yorke, Radiohead Nummer 1 presentéiert säi Soloalbum Nummer 3. Radiohead-Sujete sinn zum groussen Deel Thom Yorke Sujeten an dat kéint eventuell a Paradigmewiessel bei der Band alauden, mengt den Tom Dockal.

Cluttered Clarity
Leit, déi gär danzen

Op hirer neier Single verbanne Cluttered Clarity Pop-Songwriting mat Improvisatioun an elektroneschen Tonalitéiten. D'Formatioun ronderëm de Vibraphonist Ben Konen huet grouss Ambitiounen.

Napoleon Gold
Sunset Motel

"Sunset Motel" wäert dem Napoleon Gold seng nei Plack heeschen, déi am Hierscht erauskënnt. De Sunset Motel, dat ass déi imaginär Plaz, an déi sech de Museker zeréckzéie geet, wann d'Aen erëm eng Kéier net zoufale wëllen.

Tears for fears
Tears for Fears

De Curt Smith ass zanter 1982 déi zweet Halschent vun Tears for Fears. Eng Aventure vu Frëndschaft, Erfolleg a Sech-Auserneeliewen, déi den Englänner oppen erzielt. De Marc Clement huet hie getraff.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen