Eurosonic 2021 "Méi wëll, verstéiert an hëtzeg wéi jee"

Faux Real - dat sinn di franséisch-amerikanesch Gebridder Arndt, déi mat vill Ironie, Dadaismus a Glam zesummen optrieden. Um Eurosonic hu se mat hirer eegener Mise-en-scène schmunzelen an danze gedo.

Jamie Reinert

Faux Real

Lauschtert de ganzen Interview.


Mat wéinegem materiellen Opwand si Faux Real un hir Online-Performance fir de Eurosonic erugaangen. "Dat exzentrescht a glamouréist hu mir fir dëse Concert op dat Essentiellt reduzéiert, fir dass mir eis eege Perséinlechkeet duerch Gesang an Danz konnte glënneren doen", seet de Virgil Arndt.

Eng spartanesch Mise-En-Scène hätt awer keen Impakt op wéi wëll se kënnen op der Bün sinn, huet säi Brudder den Elliott bäigefüügt. Hire virtuelle Concert kann ee sech dann och all Moment op esns.nl ukucke goen. Langweileg oder banal war hire kreativen Ausdrock op alle Fall net.

Faux Realismus wier eng obsessiv Recherche, eng komplex Doctrine mat Elementer vu Surrealismus, Dadaismus, Nihilismus, anticke Philosophien, seet de Virgil ouni seng Minn ze verzéien.

De Bridder hiren ironesche mierwe Projet wär virun e puer Joer entstanen, wou si decidéiert hätte "Method-Museker" ze ginn. Grad ewéi Method-Schauspiller déi hir Roll iwwer de Film-Set eraus verkierperen, gi Faux Real holistesch un hir Konscht-Eskapad erun.

Leschte Mee koum hir Debut-EP "Faux Real" eraus, mat fënnef hëtzege Pop-Kompositiounen an am Oktober di onheemlech ustiechend Single "Spooky Bois". Den Ament wiere se am Gaang un neiem Material ze schaffen. "Méi wëll, verstéiert an hëtzeg wéi jee", esou den Elliott Arndt. Dat faux-realisteschst, wat se bis ewell gemaach hunn, versprécht de Virgil Arndt.

Méi zum Thema

Music LX
Musek

D'Promotioun vun de Lëtzebuerger Museker bei Music:LX geet virun, och wann d'Pandemie no e puer Upassunge verlaangt huet. Am Plaz Touring-Finanzementer hu méi Bands d'lescht Joer Online-Content gebraucht, seet den Giovanni Trono, Direkter vun der Struktur.

Hannah Ida
East of Eden feat. Florian Van Kooy

An hirer neier Single "East of Eden" verbënnt d'Hannah Ida ee Sample Beat mat einfache Gittars-, Pianos- a Synthesizerlinnen zu engem lëftege Ganzen. De Song handelt iwwer Relatiounen an hirer ganzer Diversitéit.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen