Nei Single: SpudBencer - Thoughts (feat. Rome in Reverse) Mat de Gedanken an engem déiwe Beat

Wann de Fred Baus opleet, kennt een hien als SpudBencer. Scho laang ass hien och als elektronesche Musek aktiv, an huet a ville konnexen Aktivitéiten am Museksberäich - e.a. Label, Programmateur am d:qliq - d'Zeen zu Lëtzebuerg beräichert. Bei engem ganz neie Label, Telavivi Records, a mat enger neier musikalescher Collaboratrice huet de fréieren "In Circles" säin DJ Numm ravivéiert an eng nei Single als Spud Bencer erausbruecht - mat engem EP am Schlepptau.

Marc Clement / cbi

SpudBencer

Dat Ganzt ass aus engem Challenge entstanen, deen de Producer sech d'lescht Joer wärend dem Confinement gesat hat: all Woch ee Song maachen an op de sozialen Netzwierker posten. Eelef Stécker sinn dobäi erauskomm, an eng nei musikalesch Facette huet sech entwéckelt.

D'Songs sollen danzbar sinn a minimal bleiwen, mee den Nolauschterer och mat op eng Rees huelen, wat mat hirem déiwen, hypnotesche Vibe absolut garantéiert ass. Och d'Antonella vu Rome in Reverse - eng Musekerin, déi zu Kopenhage wunnt - huet mat enger stëmmlecher Kooperatioun a mat hirem Label Telavivi Records eng Dimensioun zum neie Projet bäiginn.

Den 9. Juli kënnt ënner dem Titel "Minimaal" een EP mat sechs Tracks eraus, an am Juli ass ee Live-Concert am Kader vun de Congés Annulés an de Rotonde geplangt.

Lauschtert den Interview mam SpudBencer hei.

Méi zum Thema

369Daniel Balthasar (Foto-Veronique Kolber).jpg
Daniel Balthasar

Op sengem 8. Album "somebody's somebody" zeechent den Daniel Balthasar e Bild vun engem Personnage, deen no Identitéit a Sënn sicht. Mat enger neier Band bléist de Lëtzebuerger Museker frësche Wand a seng Kompositiounen.

Net verpassen

  • 16.10. Riicht eraus - Bleift d'Kierch am Duerf?

    Riicht Eraus_Beift Kierch am Duerf 2.jpg

    Wéi kënnen an däerfen entweite Kierchen nach gebraucht ginn? Et diskutéieren d'Architektin Sala Makumbundu, de Kierchenexpert A. Langini, de G. Kieffer vum Bistum, an den R. Mangen, Schäffen Déifferdeng.

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen