UGDA Martine Deprez bleift Presidentin

Am Hierscht d’läscht Joer gouf et un der Spëtzt vum Daachverband vun de Museksveräiner gréisser Turbulenzen an op engem ausseruerdentlechen Kongress vun der UGDA am Oktober gouf en neien Zentralcomité mat der Martine Deprez als Presidentin gewielt. Dës Equipe gouf e Sonndeg confirméiert. De Guy Engels huet sech mat der Presidentin vun der Unioun Grand-duc Adolphe ënnerhalen.

Deprez-Martine-2016.jpg
©UGDA

D'Prioritéite vun der neier Presidentin sinn méi enk Relatioune mat de Museksveräiner an eng Reform vun de Statutten. Zesumme mat de Veräiner wëll d'Martine Deprez elo diskutéieren fir ze kucken ob et eng sënnvoll Iddi ass fir een haaptberufflechen administrateur anzestellen. "Oder ob mer eis aktuell Strukturen e bessen ausbauen fir méi Leit mat an d'Boot ze huelen."

Fir méi enk mat de Veräiner zesummenzeschaffen, wëll déi nei Presidentin fir d'éischt emol 17 Delegéierte-Postë besetzen. "Doduercher datt am Moment 17 Plazen opstinn, kënne mer natierlech net ëmmer iwwerall present sinn", esou d'Martine Deprez. Duerno géing et drëm goen déi Delegéiert besser z'aktivéieren a sécher ze stellen, datt een ëmmer Réckmeldung kritt. Donieft missten d'Veräiner awer och méi responsabiliséiert ginn. D'UGDA kéint hinnen entgéintkommen, zum Beispill als eng Plattform fir besser Relatioune mam Ausland.

"Mir ginn net méi drop an."

D'Turbulenzen an der UGDA am Hierscht, waren op Meenungsverschiddenheete mam dann-Generalsekretär Jeannot Clement. Dësen huet de Weekend offiziell demissionéiert. An engem Bréif vu néng Säiten, deen hien op enger perséinlecher Internetsäit publizéiert huet, verwerft hien d'Virwërf géint hien a schwätzt vun engem "illegalen" ausseruerdentleche Kongress am Oktober. De Jeannot Clement seet, hie wier just vun 33 Prozent vun de Veräiner ofgewielt ginn.

Déi nei Presidentin vun der UGDA sot ons si wéilt net méi dorobber agoen. No Récksprooch mat enger Rei Veräiner, wier een zur Konklusioun komm, datt een d'Demissioun vum Jeannot Clement géing "aktéieren". D'Martine Deprez geet och net dovunner aus, datt de Jeannot Clement nach wäert "à charge" kommen. "Well wann hien d'Decisioun geholl huet ze demissionéieren, dann denken ech, datt hien a sengem Kapp, mat deem Kapitel ofgeschloss huet."

Den Interview vum Guy Engels mam Martine Deprez:

Méi zum Thema

100,7-Informatiounen no huet um Donneschdeg Owend quasi de ganzen Executivbureau vum Daachverband vun de Museksassociatiounen (Union Grand-Duc Adolphe) demissionéiert. Mam Generalsekretär géifen et Differenze ginn, déi net z'iwwerbrécke wieren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen