Musek Mambo Schinki live um Koll an Aktioun on AIR 2020
De Mambo Schinki ass ëmmer méi dacks op offizielle Festivitéiten a soss Festivallen invitéiert fir de Public mat senger "Space Uergel" a säin Trëndel ze zéien. De Koll an Aktioun on AIR 2020 war eng optimal Plattform fir dem virtuelle Festivalvisiteur bannent 20 Minutten d'Essenz vu senger Musek unhand vun engem humoristesch konnotéierte Medley ze zerwéieren.

De Mann mat aussergewéinlechem Instrument an aussergewéinlecher Coiffure ass ewéi vun enger friemer Muecht ergraff wann et drëms geet de Nolauschterer un d'Wibbelen ze bréngen. E Konzept mat Kapp a Schwanz an deem e Repertoire vun iwwer 300 Titele stécht.