Nei Single vu Leen - Black Hole Summer Song Mam Cadillac an den Ofgrond

Mam Cadillac duerch d'Sonn fueren - esou stellt ee sech e Summer-Song vir. An enger neier Single erfuerscht de Lëtzebuerger Sänger Jimmy Leen zesumme mam Hip-Hop-Produzent Jacques Rasic déi däischter Säit vun eisem Summer-Spaass. De Marc Clement huet mam Jimmy geschwat.

Marc Clement / cz

Jimmy Leen

Den Jimmy Been ass Sänger vun der Rockband Mad Fox an als Leen och Solo ënnerwee. Fir d'Produktioun vu senger neier Single huet de jonke Lëtzebuerger frësche Wand erabruecht a mat engem Hip-Hop-Produzent zesummegeschafft, dee Verschiddener vu Freshdax oder T The Boss kéinten am Ouer hunn, Jacques Rasic mam Numm.

Wéi ee Summersong mat engem däischteren Ënnertoun hëlt d'Lidd eis Spaassgesellschaft an d'Gebiet a luet an, och eemol un eise Planéit ze denken. D'Produktioun ënnersträicht dësen "duebele Buedem", mat gudde Summervibes, déi ënner hirer Séisst och eng Portioun Zynismus duerchschénge loossen.

De Video, komplett mat Cadillac, gëtt et hei ze gesinn:

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Edsun Loverboy
Trotz Ausgangsspär

Dem Edsun seng nei Single "Outtaspace Loverboy" ass Deel vun engem Effort, sech méi fir déi positiv Säite vum Liewen opzemaachen. Lauschtert d'Gespréich mam Edsun iwwer "Outterspeace Loverboy" hei.

Serge Tonnar, Ben Claus an Eric Falchero am Zuch
FreeMobility Festival

E Samschdeg waren op ville Plazen am Land Concerte fir den ëffentlechen Transport ze feieren. Fir all d'Kënschtler, mat deene mir geschwat hunn, wat et eng Evidenz, datt si bei där Manifestatioun dobäi wieren.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen