Sample vun der Woch Luther Ingram - To The Other Man

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles / cz

e27.jpg

De Luther Ingram huet 1972 d'Lidd "To The Other Man" erausbruecht. Dat war en Deel vu sengem éischten Album "I've Been Here All the Time". Den Ingram ass 1944 am Tenessee gebuer an hat wärend senger Kandheet an de 50er a 60er eng Gospel Grupp mat senger Geschwëster zesummen. Kuerz drop huet hien du probéiert seng Solokarriär ze starten. Säin Héichpunkt war d'Virgrupp vum Ike Turner ze ginn. Méi spéit ass hien op New York geplënnert, d'Legend seet, hien hätt eng WG mam Jimmy Hendrix gehat. Hien huet beim Stax Label ënnerschriwwen a säi Songwriting staark verbessert an doduerch och e puer Nummer 1 Hitte gelant, ënner anerem "(If Loving You Is Wrong) I Don't Want To Be Right".

2006 huet den J Dilla dëst Lidd erëm ausgegruewene fir säin "One For Ghost" doraus ze maachen. Dëse Beat war present op sengem Album "Donuts". Dee ganzen Album gouf jo quasi am Spidol op sengem Stierfbett produzéiert. Hien huet dëst Lidd gemaach, andeems hien un de Rapper Ghostface Killah geduecht huet. Et ass eigentlech just en einfache Loop mat enger Sireen driwwer. Den Album war ufanks just als eng Beattape geduecht, mee e gouf schlussendlech ee vun de wichtegste Meilesteen am Hip-Hop. Merci un de Peanut Butter Wolf fir e beim Label Stonesthrow erausbruecht ze hunn. Den J Dilla ass leider e puer Deeg no der Sortie vum Album gestuerwen.

De Ghostface Killah huet de Beat héieren, huet déi Hommage un hie staark appreciéiert an natierlech e Lidd doraus gemaach. Dat war present op sengem fënneften Album "Fishscale". D'Lidd heescht "Whip Me With A Strap". Den Album koum 2006 beim Label Def Jam eraus. Fishscale heescht esou vill wéi opgeschnidden Kokain. Et muss ee sech virstellen, de Ghostface Killah war deemools Enn 30, hat am Hip-Hop quasi alles erreecht a wëllt mat dësem Album e "retour aux sources" maachen. Dat heescht, hie sicht sech wierklech déi rauste Beats vun Mf Doom an, an dësem Fall, J Dilla eraus an erzielt op eng ganz dekomplexéiert Aart a Weis, wéi hien als Kand vu senger Mam geschloe gouf. De Ghost ass als Rapper esou staark, datt hie souguer nostalgesch Gefiller ervirrifft vu senger Famill geschloen ze ginn. Hie mécht dat duerch e perfekte Storytelling an eng intelligent Wuertwiel. Dat kann eenzeg an eleng de Ghostface Killah!

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

Skibi
Live-Musek

De Lëtzebuerger Rapper trëtt dëse Samschdeg den 20. Mäerz an der Kufa op. De radio 100,7 iwwerdréit d'Session live. Wat bedeit "Ze Spigé", den Titel vu sengem Debut? Mir hunn e gefrot.

Marc Dostert
Chouergesang

Wärend Chéier allgemeng sange kënnen, sinn d'Chéier an de Museksschoulen a Conservatoiren ofgesot. Gläichzäiteg dierf awer am Kader vun der Formation musicale am Grupp gesonge ginn. Wisou?

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen