Singer Songwriter Lidder vun ëmmer a vun iwwerall

Mat nëmmen engem Stëmmapparat an e puer Lidder an der Täsch huet de Lëtzebuerger Museker Daniel Balthasar sech op de Wee an Norwege gemaach, méi genee op déi entleeën Insel Giske. An den Ocean Sound Studios, déi sech op hirem Internetsite selwer als Studio um Enn vun der Welt beschreiwen, huet hien do mat de Musekerkolleege Michel Mootz a Charel Stoltz eng nei EP opgeholl. Eng éischt Single "Burning" ass zënter leschte Freiden dobaussen. Mat Gittaren a Sträicher kléngt et fir d'éischt emol wéi en typescht Daniel-Balthasar-Stéck. An awer ass et e bëssen anescht.

Claudine Muno

Norway
© Véronique Kolber

"Can you feel at home in a house where the roof is burning?", heescht et am Text. Keen typescht Daniel-Balthasar-Lidd, dofir awer en ontypesche Protestsong. Hie wier kee politesche Sänger, sot den Daniel Balthasar an eisem Interview an der Emissioun "Kultur um 5". Et géife Museker ginn, déi Lidder schreiwe vun hei a vun elo, hien awer wéilt Lidder schreiwe vun ëmmer a vun iwwerall.

Wéi den Daniel Balthasar am Februar, nom Iwwerfall op d'Ukrain, gefrot gouf e bekannt Friddenslidd op Lëtzebuergesch ze interpretéieren, do huet dat sech fir hien einfach net richteg ugefillt. Well et net seng Wierder waren a well hien och léiwer Lidder schreift, déi Froe stellen amplaz Äntwerte ginn. Trotzdeem huet et him onméiglech geschéngt, net Positioun ze bezéien: "Et ka jo net sinn, datt elo esou eng Kris an der Welt ass, an ech ka mech net dozou äusseren." Also huet hie seng eege Manéier gesicht fir e Protestsong ze schreiwe mat deem hie senge Kanner kéint erklären, wat de Moment an der Welt geschitt, an esou ass déi nei Single "Burning" entstanen.

Ouni Drock schaffen

D'Stéck soll Deel gi vun enger EP, déi hirersäits den Ufank ass vun engem méi grousse Projet, engem Duebelalbum mat 4 EPs, déi all op ënnerschiddlechen Inselen opgeholl ginn. Norwege war déi éischt Statioun, déi nächst soll Island ginn. Schonn zënter e puer Joer bucht den Daniel Balthasar reegelméisseg legendär Studioen uechtert Welt fir seng Musek opzehuelen: Hien huet schonn an dem Peter Gabriel senge Real World Studios geschafft an am Château d'Hérouville, an deem dem Elton John säi Kultalbum "Honky Château" opgeholl gouf. Wéini d'EPs erauskommen, kann den Daniel Balthasar nach net soen, an hie wëll sech och net ënner Drock setzen oder setze loossen. Am léifste well hie sech selwer ganz aus senger Musek eraushalen - net ëmsoss gesäit een hien ni op sengen Albumcoveren, a wann, dann nëmmen deelweis oder verfriemter Form.

Kengem anere seng Erwaardungen erfëllen

Stoung him déi Haltung ni am Wee? Besonnesch elo, an enger Zäit, wou d'Tendenz éischter ass, datt der Perséinlechkeet méi Opmierksamkeet geschenkt gëtt wéi der Musek. Dach, absolut hätt dat him heiansdo d'Weiderkomme méi schwéier gemaach, mengt den Daniel Balthasar, mee domat kann hie mëttlerweil gutt liewen. Hien huet am Laf vun de leschten 20 Joer zënter sengem éischten Album "Fingerprints" (2003) e ganz eegene Karriärsplang entworf, jenseits vum Stress an dem Drock aner Erwaardunge mussen ze erfëlle wéi seng eegen.

Méi zum Thema

Giovanni Trono a Bob Seyler
Showcase-Festival

De Luxembourg Jazz Festival ("Shuffle") ass dee gréissten Jazz-Showcase-Festival am Grand-Duché. En ass als Plattform fir Austausch geduecht, an als Sprangbriet fir d'Kënschtler:innen aus der Lëtzebuerger Jazzzeen.

Loïc Schlentz
Sot emol

De Loïc Schlentz ass Sänger, Acteur an Dänzer: genee dat, wat ee fir ee Musical braucht. A "Sot emol" erzielt hien, wéi hie mat Musek a Kontakt komm ass, a wéi säi Wee hien op Berlin bruecht huet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen