arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lauschtert d'Aircheck Sessions vun Tuys

Concert

|
reading time

1 min

Lauschtert d'Aircheck Sessions vun Tuys

Fir trotz der Pandemie Concerte kënnen ze genéissen, huet de radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik zu Esch d'Aircheck Sessions an d'Liewe geruff. Den éischte Concert kënnt vun Tuys. Lauschtert hiren Optrëtt hei nach eng Kéier.

reading time

1 min

Eemol am Mount sinn an der Kulturfabrik zu Esch Concerten, déi de radio 100,7 live iwwerdréit. Den éischte Concert kënnt vun der Indie-Rock-Formatioun Tuys, déi dëse Samschdeg um 17:00 Auer gespillt hunn. Hiren Optrëtt an der Kulturfabrik ass och d'Contributioun vum radio 100,7 fir den Eurosonic Festival am Januar.

"Mir si mega happy, endlech erëm ee Concert spillen ze kënnen", seet de Keyboarder a Gittarist Tun Biever. Tuys huet och vum Concert an der Kufa profitéiert fir e Lidd ze spillen, dat si nach ni live gespillt hunn.

play_arrow Lauschtert hei de ganze Concert

Foto: Yves Stephany

Foto: Yves Stephany

Foto: Yves Stephany