30 Joer Solistes Européens Kontinuitéit am Wandel

Den 20. September 1989 presentéiert sech een neien Orchester, een Ensembel, dee sech gréisstendeels aus Museker aus osteuropäesche Länner zesummesetzt. Den Numm: Solistes Européens, Luxembourg.

Guy Engels / cbi

30 Joer Solistes Européens

Virun 30 Joer war d'Welt nach an zwee grouss politesch Bléck gespléckt. De Geiist an Dirigent Jack Martin Händler wollt dës Trennung iwwerwannen, hat et sech an d'Kopp gesat, dem Joseph Haydn säin Dictum vun der Musek als universell Sprooch, als Eppes, dat Mënsche verbënnt, konkret ëmzesetzen.

Eng Iddi gëtt Realitéit

Aus perséinlecher, batterer historescher Erfahrung wousst den Jack Martin Händler, wéi Diktaturen de Mënsche vill zuleeds dinn. D'Solistes Européens, Luxembourg sollten och e Symbol vun der Fräiheet sinn, e Gedanken, deen nieft dem kënschtleresche Projet beim deemolege Premier- a Kulturminister Jacques Santer op oppen Ouere gefall ass.

De Projet war lancéiert, an och wann d'Geschicht mam Mauerfall, den 9. November 1989, den Orchester am Fong schonn iwwerholl hat, hunn d'Solistes Européens, Luxembourg sech lues awer sécher zu engem festen Acteur an der Musekszeen entwéckelt.

Ëmmer nei erfannen

1989 haten d'Solistes Européens, Luxembourg (SEL) eng grouss Spillwiss, op där se sech konnten zimlech fräi beweegen. Mat der Kreatioun vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg a spéider der Ouverture vun der Philharmonie hunn sech Donnéeë geännert.

D'SEL woussten sech ëmmer unzepassen. Si hunn hire musikalesche Fundus erneiert, ewech vum reng klassesch-romantesche Repertoire hin zu enger diversifizéierter a meeschtens onerwaarter Programmatioun an enger spannender Diskographie ënnert der Leedung vum Christoph König.

Antëscht huet sech och Europa weidergedréint, an 30 Joer nom Mauerfall ginn nees Grenzen héichgezunn. D'Grondphilosophie vun de Solistes Européens, Luxembourg - Grenzen iwwerwannen, fir d'Fräiheet anzestoen - gëtt, leider, nees topaktuell.


Den 30. September iwwerdréit de radio 100,7 de Concert vum 30. Anniversaire live um 20 Auer.

Méi zum Thema

Comité 100 Joer Ensemble à plectre municipal d’EschAlzette
2020: d'Joer vun der Mandolinn zu Esch/Uelzecht

Den Ensembel gouf 1920 vun däitschen Amateurmusekerënner ënnert dem Numm Edelweiss zu Esch/Uelzecht gegrënnt. Den Ensembel spillt e Repertoire, deen näischt mat italienesch populärer Musek ze dinn huet, mee dee méi usprochsvoll ass.

Luxembourg Philharmonia 2019
E Sinfonieorchester feiert Gebuertsdag

1979 gouf den Orchester vun e puer Hobbymuseker gegrënnt. Haut zielt en iwwer 90 Membere mat lauter verschiddenen Natiounen a vun all Alter. Gëeent gi si duerch d'Léift zu der sinfonescher Musek.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen