Nei Scheif vun The Disliked "Konscht muss kritesch sinn"

Den 31. Mee presentéieren The Disliked hiren neien Album "Reggae Rescue". Am Gespréich erklären d'Museker, firwat si e Gang zeréckgeschalt hunn. A si spillen zwee nei Stécker am Studio.

Yves Stephany

The Disliked am Studio
The Disliked am Studio vum radio 100,7

"Mir sinn a konstanter Entwécklung", seet den Trompettist Chilles. "Wahrscheinlech hu mir eis iwwer d'Zäit bësse berouegt." D'Energie wier nach ëmmer do, mee d'Téin géife méi laang ginn.

"Am Fong ware mir zweemol a Südfrankräich", seet de Gittarist Cédric. Wéinst der Hëtzt an dem Mier wier einfach Reggae dobäi erauskomm. De Produzent Charles Stoltz hätt e groussen Afloss op de waarmen, melodeschen Aspekt vum Disk gehat.

Reggae ass eng Musek mat enger laanger Traditioun. The Disliked géifen awer näischt kopéieren. "Dat gi mir natierlech och net zou", schmunzelt den Chilles. "Et ass lassgeléist vun alle Randerscheinungen, wann een u Reggae denkt. Mir schwätze just musikalesch."


Exklusiv Session vun The Disliked am Studio vum radio 100,7:

Lauschteren


The Disliked zécken net fir an hire Lidder op gesellschaftlech Mëssstänn opmierksam ze maachen. Als Band géif ee sech an der Gesellschaft positionéieren, seet de Cédric. "Konscht huet nëmmen eng Auswierkung, wann s de och kritesch bass, oder wann s de eng Positioun hues." Op "Reggae Rescue" wieren awer och vill perséinlech Texter.

Si géife mat Nostalgie op de Food For Your Senses zeréckkucken, seet den Chilles. Awer et sollt een net traureg sinn. "De Food ass eng Richtung, déi opgemaach gouf vu verschiddene Leit. Déi hu gewisen, wéi et geet." Hie géif dovun ausgoen, datt verschidde Leit, déi an d'Organisatioun implizéiert waren, géifen an iergendenger Form weidermaachen.

E Freideg den 31. Mee ass d'Release vu "Reggae Rescue" an der Kulturfabrik.


Dat ganzt Gespréich vum 25. Mee

Lauschteren


Méi zum Thema

Nicool-By-Alphonse-Hatz
Debut Album vu Lëtzebuerger Rapperin

Rap ass zu Lëtzebuerg nach ëmmer eng Chasse gardée vun de Männer. D'Nicool kënnt, fir dat ze änneren. De 7. Juni presentéiert déi jonk Rapperin hiren Debutalbum "Den Ufank vum N".

Koll an Aktioun
Musek a méi

Et ass kee Festival, wéi déi aner: de Koll an Aktioun stécht eraus duerch den eemolege Kader vun der Leekoll. D'Programmatioun riicht sech un d'ganz Famill. D'Musek ass dobäi just ee Volet.

Charel Stoltz.jpg
Musek-Produzent

E groussen Deel vun der Lëtzebuerger Rock- a Pop-Musek gëtt vum Charel Stoltz opgeholl. De Produzent gëtt Ablécker a seng Aarbecht. A schwätzt och iwwer déi psychologesch Komponent vun der Musek.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen