Sonic Visions Komfortrauschen: Techno am Punk-Outfit

"Mir sinn am Fong Instrumentalisten, déi den Techno entdeckt hunn", seet de Philipp Oertel vu Komfortrauschen.

Yves Stephany / Marc Clement / cbi

Komfortrauschen
Foto: Caren Pauli

Deen üblechen Nodeel vun der Technomusek, datt se dacks nëmmen dem Konsument säi Kierper zum Wibbele bréngt, hu si fir sech geléist: si spillen elektronesch Musek mat Bass, Batterie a Gittar. Live ass et beandrockend, dat bal maschinell präziist Spill vu Komfortrauschen gelieft viru sech ze gesinn a sech bei der Trance matgoen ze loossen.

Datt een e bëssen Zäit brauch fir an hir Musek eranzekommen, kënnen déi dräi Membere gutt verstoen. Een enke Club ass de perfekte Lieu fir Komfortrauschen ze genéissen, déi mat hiren Acid Basslinnen a staarker Batterie d'Blutt un d'pulséiere bréngen. De Kapp schalt een am Beschten aus, an do passt dann och de Bandnumm.

Am Gespréich mam Yves Stephany erzielen d'Berliner vum Sonic Visions Festival vun hirer Musek.

Den Interview mat Komfortrauschen lauschteren

Méi zum Thema

Pedro Winter
Sonic Visions

De Pedro Winter ass Besëtzer a Manager vun Ed Banger Records, Architekt vun Daft Punk an Justice. Et géif ee sech en Entrepreneur mat engem sechste Sënn erwaarden. Amplaz fënnt een e passionéierten Ex-Skater.

Sonic Visions
Sonic Visions 2019

An engem Esprit d'Echange ass de Sonic Visions Festival dem musikalesche Nowuess gewidmet. Et ass eng Kombinatioun aus Showcase a Konferenzen. Zil ass et ze informéieren an Tuyauen auszetauschen.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen