Pop-Projet "Kollaboratioun ass eisen Haaptophänkert fir dëse Projet"

Mam Edsun zesummenzeschaffe wier "beandrockend" gewiescht an een interessanten Echange, deen ee spontaant Zesummekomme vun Iddien erlaabt hätt. Als "Herr Bender" agéieren déi zwee Leadere Maxime Bender (Saxofon) a Jeff Herr (Batterie) als Pop-Projet a kollabéiere fir hir Lidder mat Sänger, déi si interessant fannen.

Marc Clement / cbi

Herr Bender

"Den Edsun gouf esou zum Gesiicht vun eisen éischte Songs a Concerten", seet de Jeff Herr. Den drëtte vun dëse Concerten ass e Samschden, 24, Juli zu Munneref, am Virprogramm vum Selah Sue, ass - Featuring Edun, natierlech.

Op der neier Single "In My Mind" séngt allerdéngs dës Kéier de Sacha Hanlet, alias "Them Lights" - ee Collaborateur vun der éischter Stonn, dee bis elo schonns d'Produktioun vun den Herr Bender-Tracks, wéi och d'Luuchteshow bei de Concerte bäigesteiert hat. Um neien Track sinn all bedeelegter Co-Auteuren, och den Edsun, deen net um Track séngt.

Lauschtert de ganzen Interview mam Jeff Herr:

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Laurent Loschetter bei Presentatioun vun Open Air Concert mat 1500 Leit
Zeréck an d'Normalitéit

Et ass dee gréisste Concert zënter dem Ufank vun der Pandemie: De 24. Juli wäert déi belsch Sängerin Selah Sue am Park vum Domaine Thermal optrieden. Um Site ginn et keng Restriktiounen.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen