D'Rockhal ass just nach eng Tutuhal. Sou d'Kritik vun der Josée Hansen Enn Januar an der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land. De Grond sinn eng ganz Rëtsch russesch Balleten, déi an der Rockhal affichéiert ginn. Dës Produktioune wiere reegelrecht "Machines à sous" fir privat Promoteuren a géifen duerch d'Lokatioun och Suen an d'Kees vum Etablissement Public spillen. Den Direkter Olivier Toth géif sech ëmmer méi zu engem Portier vun engem Luxus Centre Polyvalent entwéckelen, sou déi fréier Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Rockhal.
D'Diversifizéierung vum Programm vun der Rockhal géif et erméiglechen, en anere Publikum z'erschléissen, seet den Olivier Toth. An duerch esou Aktivitéite kéint een aner Projete realiséieren. Am "pur kulturellen" an edukative Beräich hätt een d'Evenementer iwwert d'Jore kéinten opstocken, ouni méi Suen ze froen. "Iergendwou musse se hierkommen. Dat heescht, si ginn erschafft."
Al Männer oder Cutting Edge?
Och de reng musikalesche Volet vun der Affiche vun der Rockhal ass net dat, wat een als Cutting Edge géif bezeechnen. Artiste wéi Ringo Starr, Megadeth, The Offspring oder Toto haten hir bescht Zäit viru Joerzéngten. "Wann een d'Affiche kuckt, an et gesäit ee just déi doten, dann - mengen ech - muss een d'Affiche besser kucken", seet den Olivier Toth. "Do ass ganz vill Cutting Edge dran. Ech géif mir och wënschen, wann deen och méi Attentioun géif kréien, wéi d'Tutuen."
D'Iddi vun de Leit, déi sech zënter den 80er Jore fir d'Schafe vun enger Rockhal agesat hunn, war e Concertssall fir Rockmusek, a fir e jonke Publikum. Déi musikalesch Programmatioun cibléiert momentan éischter en eelere Publikum. "Alleguerten déi Jonk, déi deemools d'Hal gefrot hunn, sinn déi, déi haut Megadeth kucke kommen", seet den Olivier Toth.
D'Rockhal wier kengem seng perséinlech Jukebox. "Eng Rockhal ass eng Jukebox vun enger ganz breeder Clientèle, déi en Interesse huet a Showen." Weder hien, nach soss ee kéint sech umoossen ze soen, datt de Publikum vun dësen Evenementer kee Goût hätt.
Rocklab goes Incubator
D'Raimlechkeete vum Rocklab ginn zënter Mëtt 2017 renovéiert a restrukturéiert. D'Aarbechte wiere bal ofgeschloss. Den Olivier Toth confirméiert, datt niewent de Bureaue fir d'Mataarbechter vum Rocklab, en Incubator fir d'Museksbranche soll entstoen. Niewent de Proufsäll wéilt d'Rockal an dëse Raimlechkeeten och anere Beruffer aus dem Secteur e Pied-à-terre bidden.