Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jesca Hoop: Striewen no Katharsis

Folk ouni Schoul

Jesca Hoop: Striewen no Katharsis

Si ass eng Musekerin, déi kee kal léist. D'Jesca Hoop erzielt fantastesch Geschichten iwwer déi traureg Welt, an där mir liewen. Hir Musek ass Folk, obwuel si guer net weess, wéi dat geet. E Gespréich virun hirem Optrëtt zu Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

YS: Dir spillt haut am Gudde Wëllen. Dat ass e ganz intime Kader. Trëtt Dir gär virun engem klenge Publikum op?

JH: Virun engem klenge Publikum opzetrieden huet seng Virdeeler, oder seng Sweet Spots. Et ass ganz anescht, wéi viru ville Leit opzetrieden. Beim klenge Publikum kann ee richteg interagéieren. Awer et kann een och intimidéieren.

Mat mengem Material striewen ech d'Katharsis un. Wann d'Interaktioun mam Publikum ze vill intensiv gëtt, kann dat mech intimidéieren. Et weist déi vulnerabel Natur vum Material. Dowéinst muss ech eng Rëtsch Virbereedungen huelen, fir mäin Job kënnen ze maachen.

Dat heescht, zéng Joer nom éischten Album, deen Dir ënnert Ärem Numm verëffentlecht hutt, fillt Dir Iech nach ëmmer vulnerabel op der Bühn?

Jo, well d'Lidder bestëmmen, wéi ee sech fillt. Oder si guidéieren op d'mannst d'Gefiller am Raum. Ech hat Problemer mat Nervositéit a bei verschiddene Concerte ginn ech nach ëmmer nervös. Mä et geet drëms, op wat ee sech fokusséiert. Et kann ee sech op de Feeling vum Song konzentréieren an op de Message, dee soll vermëttelt ginn. Oder et kann een einfach just nervös sinn. Ech ginn ëmmer mam Feeling vun de Lidder, an déi variéieren zimlech. Ech hoffen, datt ech ni wäert ophalen ze fillen. Och net a 15, 20, 30 Joer.

Dir sidd rezent aus dem sonnege Kalifornien op dat verreentend Manchester gezunn. Wéi een Afloss hat dat op Äre Sound an eventuell op Äre Songwriting?

Ech weess et net, well ech léiwer déi traureg Lidder schreiwen. Et ass schwéier soen, well ech a mengem Kierper sinn a mäin eegene Songwriter sinn. Ech héiere se net vun engem objektive Standpunkt. Ech schreiwe gär un engem verreentenen Dag, mat enger Käerz, a mat bësse Wäin a Kaffi.

Mä ech schreiwen och gär, wann ech ginn. Also ech trëppelen net sou dacks, wann et reent, och wann et kee Grond dofir gëtt.

Um neien Album si vill traditionell, an och spirituell Aflëss. Wéi suergt Dir dofir, datt Dir net einfach just d'Blues-Tonleiter erop an erof spillt, sou wéi dat scho Millioune mol gemaach gouf?

Ech weess virun allem net, wéi een eng Blues-Tonleiter spillt. Ech hu mech ni mat Genrë beschäftegt, an domat, wéi ee se spillt. Wann ech ufänke mat Schreiwen, héieren ech verschidde Saachen, déi ech vu Genrë kennen, an ech spillen domat. Awer ech gi mech deem ni komplett hin, well ech net weess wéi. An da passt mäi Produzent och gutt op, fir meng Eegenaart ze behalen, an datt et net ze vill an ee Genre erageet. Awer den traditionelle Folk ass wichteg fir mech. Ech gesi mech virun allem als Folk-Artist.

An déi spirituell Säit, wou kënnt dat hier?

Wahrscheinlech well ech reliéis erzu gouf, an et dat dunn zréckgewisen hunn. Net just zréckgewisen, mä ugeprangert. An da sinn ech och extrem virwëtzeg a frustréiert.

Iwwert?

Ma d'Welt an där mir liewen.

Dir hutt vill mam Gittarist a Produzent Blake Mills geschafft. Hien huet och de leschten Album produzéiert an drop Gittar gespillt. Wéi koum et zu dëser Frëndschaft, a wéi een Afloss hat hien op den Album?

Ech hunn de Blake duerch mäin éischte Produzent, den Tony Berg, kennegeléiert. De Blake hat der deemools 18, ech 25. Hien huet vill fir den Tony geschafft. Den Tony huet de Blake och deemools matbruecht, fir op mengem Album Gittar ze spillen. Hie war vun Ufank un e feste Bestanddeel vum Sound vu menge Placken. Mir sinn zesummen op Tour gaangen, an hunn zesumme Lidder geschriwwen.

Ee vu sengen éischte Produktiouns-Jobs war op mengem drëtten Album, zesumme mam Tony a mam Shawn Everett. De Blake huet dunn och ugefaangen, selbstänneg ze schaffen. Wéi hie bis fest am Suedel war, hunn ech decidéiert, fir dat just mat him ze maachen. Well seng Gittars-Aarbecht a seng Arrangementer waren ëmmer e wichtegen Deel vum Sound vu mengen Albumen.

Lauschtert dat ganzt Gespréich (op Englesch):

Jesca Hoopplay_arrow