Sample vun der Woch Jeremy Steig - Howling For Judy

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles / tt

steig.jpg

D'Lidd "Howling For Judy" koum 1970 um Museker sengem Album "Legwork" eraus. De Steig war ee vun deenen éischten a beschten Jazz Flütte Solisten. Hien huet sech op d'Flütt-Instrumenter begrenzt an huet déi och all perfekt beherrscht. Hien huet e klasseschen Jazz-Museker-Parcours an ass leider viru Kuerzem a Japan gestuerwen.

1994 hunn d'Beastie Boys hie gesampelt fir hiert Lidd "Sure Shot". De Steig seet zu dëser Geschicht: "I made more money from that sample than from any of my records. It saved my life." D'Lidd "Sure Shot" war um véierten Album vun de Beastie Boys "Ill Communication", dee bei hirem eegene Label Grand Royal erauskoum. D'Beastie Boys sinn déi richteg Erfinder vum Cross-Over, dem Mix tëschent Hard Rock a Rap.

Enn vun den 80er Jore si si mat hirer Punk-Attitüd mat der Dier an d'Haus gefall. Déi ganz Hip-Hop-Welt huet gelaacht awer gläichzäiteg och geziddert. Hiren Album ass eng Mëschung aus richtegen Instrumenter an agespillten Instrumenter. Si hunn hei déi groovy Flütt Loop mat enger fetter Perkussioun ënnermoolt. Wärend dem Rap gi si wierklech alles, dat kann ee gutt un hirem Jäizen héieren. Dat wat wéineg Leit wëssen, ass datt dem Jeremy Steig säi Papp de Film "Shrek 4" geschriwwen huet, dofir ass och de Beastie Boys hiert Lidd am Film present. D'Roll vum Rattenfänger ass am Film vum Jeremy Steig selwer gespillt.

Den DJ Shadow hat awer de Sample scho virdru benotzt, mee op eng ganz aner Aart a Weis, an zwar op enge vu sengen aller éischte Maxien, déi "In/Flux" geheescht huet an 1993 erauskoum. Hien huet d'Lidd méi spéit nach eng Kéier op senger Kompilatioun "Preemptive Strike" um Label Mo'wax erausbruecht. "In/Flux" huet jo quasi den Trip-Hop-Genre erfonnt. D'Lidd ass en atmosphäreschen an cinematographesche Sample Paradis fir Cratedigger. De Shadow benotzt hei eng Moyenne vun 30 Lidder pro Lidd. Dem Steig säi Sample ass eréischt no gutt fënnef Minutten am Lidd ze héieren.

Op eng ganz aner Manéier benotzt och den DJ Hype dem Steig säi Sample, an zwar op sengem Jungle Lidd "On That Dust". Dat ass en Deel vu senger Maxi "Going Out For The Loot", déi 1995 bei sengem eegene Label Ganja Records erauskoum. Den Hype ass och nach ëmmer hautdesdaags ee vun den bekanntsten Drum'n'Bass an Jungle DJs aus London.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

Bernice (Colin Medley).jpg
Bernice

Den experimentelle Pop Quintett huet schonn ëmmer eng eegen Zopp gekacht. Op hirer neier Plack "Eau de Bonjourno" gëtt genuddelt, gelaacht a sech erfrëschend chaotesch manifestéiert. E Gespréich mat der Bandleaderin Robin Dann.

ross.jpg
Sample vun der Woch

1976 ass dëst Lidd hei erauskomm : "Love Hangover" vun der Diana Ross. Si trëtt hei offensichtlech fir d'Ermächtegung vun de Fraen an. Gesampelt gouf d'Lidd ënner anerem vu Bone Thugs-n-Harmony a vun Geto Boys.

wystraete.jpg
SAMPLE VUN DER WOCH

De Sample vun der Woch kënnt vum Bernard Wystraete, deen 1969 mat sengem Orchester eng Reprise vun der Grupp Wallace Collection opgeholl: "Daydream". 2001 huet den Danny Dan The Beat Mann d'Lidd fir eng Breakbeat-Kompilatioun opbereet.

verocai.jpg
SAMPLE VUN DER WOCH

30 Joer laang duecht den Arthur Verocai, säin Album wier ee Flopp gewiescht. Bis zum Joer 2000: Beatmaker wéi de Madlib an MF Doom hunn den Album zu neiem Liewen erwächt. Eise Sample vun der Woch.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen