Musikalesch Visittekaart Jean Muller: Net nëmme Klassik
Als unerkannten internationale Kënschtler ass de Pianist Jean Muller bestëmmt ee vun deene beschte Museksambassadeuren zu Lëtzebuerg. Dem Museker säi Museksgoût hält jiddefalls net bei der Klassik op.

De Jean Muller, Joergank 1979, huet am Stater Conservatoire Piano geléiert. Duerno huet hien zu München an zu Bréissel am Conservatoire Superieur studéiert a war op der faméiser Schola Cantorum zu Paräis. Nieft senge Recitalen a senge sëllechen Opnamen, ass de Jean Muller mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg, de Münchner Symphoniker, de Solistes Européens Luxembourg an aner Orchesteren opgetrueden. Dernieft ass de Kënschtler zënter enger Partie Joren als Professer fir Piano um Stater Conservatoire aktiv.
Viru kuerzem ass de Jean Muller artisteschen Direkter vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ginn, mat deem hien awer och dacks als Solist optrëtt. Op senger Tracklëscht steet vill Klassik ... ma net nëmmen:
Dem Jean Muller seng Tracklëscht:
Alexander Skrijabin: Etude, opus 2, n.1 mam Vladimir Horowitz
Franz Schubert: Quartett Der Tod und das Mädchen - 2te Saz mam Busch Quartett
Aerosmith: Living on the Edge
Frédéric Chopin:Noctunre n. 9, opus 3 mam Artur Rubinstein
Ludwig van Beethoven: Sträichquartett ,opus 59, n. 3 - Finale am Emerson Quartett
Keith Jarrett: Facing You
Sergueï Rachmaninov: Humoreske mam Vladimir Horowitz
Ludwig van Beethoven: Symphonie n.7 - Finale mat de Berliner Philharmoniker. D. H.v. Karajan