Album Bespriechung J. Jasmine - My New Music

Unseen Worlds ass e winzegen amerikanesche Label, dee sech op accessibel Avant-Garde Musek konzentréiert. Den 23. Februar hu se eng verluere Plack aus dem Joer 1978 erëm un d'Dagesliicht bruecht. "J.Jasmine: My New Music" liwwert Cabaret Stécker, déi vum Jacqueline Humbert an David Rosenboom mat de verschiddenste Stiler gepeffert ginn.

Jamie Reinert / cbi

J. Jasmine

"J. Jasmine: My New Music" ass eng gelunge Plack. 1978 gouf dësen Album fir de Filmfestival zu Ann Arbor konzipéiert an ass an immens limitéierter Oplag gedréckt ginn. Eng Konzept-Plack, déi zwee eegewëlleg an oppe Kënschtler zesummebruecht huet.

Keng Grenz tëscht Disziplinnen an Traditiounen

D'Jacqueline Humbert ass eng Artistin, déi sech a verschidde Konschtformen ausdréckt. Ob dat Musek, Kostüm Design, Performance Konscht ass. An dësem Projet séngt si ënnert dem Numm a Persona "J. Jasmine". Hir plakeg Stëmm gëtt vum David Rosenboom begleet, dee genee esou breet gefächert ass. En experimentelle Komponist, dee fir seng instrumental an elektronesch Wierker bekannt ass, déi sech mat Gehirwellen an dem Nervesystem befaassen. Kuerz gesot, zwee Personnagen, déi keng Grenzen tëscht verschiddenen Disziplinnen an Traditioune gesinn.

An op der Plack "J. Jasmine: My New Music" heescht dat konkret, Cabaret mat Country Balladen an elektroneschen Elementer ze vermëschen. Dat héiert sech vläicht e bësse pretentiéis un. D'Wuert Avant-Garde mécht hei d'Saach net besser. An um Album Cover setzt d'Jacqueline Humbert ganz nonchalant an engem Emmanuelle Stull mat enger Eadweard Muybridge Foto tëscht de Been. Wie weess, wat dat alles bedeit.

Charmant a verspillt

D'Musek ass op alle Fall charmant a verspillt. Um Stéck "Wild about the Lady" daucht nieft Bar Piano op eemol eng Mbira, eng afrikanesch Zort Daum-Piano op, zesumme mat enger Panoplie vun exotesche Perkussiouns-Instrumenter.

"J. Jasmine: My New Music" vun der Jacqueline Humbert an David Rosenboom handelt ëm Androgynie, Prostitutioun an tragesch Romanzen. Themen, déi hei an e gelungene Western Kader placéiert ginn. Um Stéck "Broke and Blue" verschmëlzen Honky Tonk Elementer mat carnavalesquë Synthien an Doo-Whop.

Dës ongewéinlech Plack huet och eng immens cinematographesch Qualitéit, déi zemools um Stéck "Rented Car, Painted Lady, Borrowed Time" erauszehéieren ass. Mat enger laanger Intro an där e Spriecher eng Päerdscourse kommentéiert an engem Schluss, dee kitscheg Cowboy Musek referenzéiert.

Fräi an ongehemmt

Mat senge 97 Sekonnen a melancholesche Chorus ass "Grand Canyon Heartache" e klenge Bijou, deen Häerzwéi mat der Gréisst vum Grand Canyon vergläicht. E Lidd, op deem de liicht forcéierte a naive Gesangsstil vun der Jacqueline Humbert schéin erauskënnt.

Op "J. Jasmin: My New Music" ginn d'Jacqueline Humbert an den David Rosenboom ganz fräi an ongehemmt un d'Musek erun. Piano a Stëmm stinn am Virdergrond. De Klang ass e bësse rau an d'Technik e bësse graff, mä dat dréit eben zum Charme bäi. Den Album héiert sech wéi e krommen amerikanesche Musekstrip un. Musical, Jazz, Country ... vergaange Pop-Traditioune gi geéiert an op eng ganz verspillte Manéier verbonnen. Musek, déi op alle Fall schwéier ze kategoriséieren ass an déi e ganz eegenen Univers opweist.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

abbey road
The Beatles

Eng zerstridde Band geet ënnert der Regie vum George Martin an de Studio - eng leschte Kéier. Den Album kënnt am September 1969 eraus. "Abbey Road" vun de Beatles ass eng Zort musikalescht Testament vun de Fab Four.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen