Congés Annulés International Music: "Es ist immer ernst, aber nicht nur"

Mat Absurditéit, Humor a schéin holpreger Interpretatioun fléien déi dräi vun der Tankstell um Album "Ententraum" aus hirem Ruhrpott eraus. Hiren Optrëtt an de Rotonden dëse Samschdeg versprécht amusant ze ginn.

Jamie Reinert / cbi

International Music
Foto: Harriet Meyer

E Schnurri, e Rollkoll, eng Vokuhila, e Pilzkapp: mat hiren zerzauselte Stil, hirer eckeg eleganter Couture verkierperen den Trio Peter Rubel, Pedro Goncalves a Joel Roters d'Kultur, oder besser gesot d'Ënnerkultur vun hirem Ëmfeld am Ruhrpott, awer sécherlech net op eng opgesate Manéier.

Déi dräi vun der Tankstell sinn esou, wéi se sinn. Op eng onkomplizéiert Manéier fënnt ee musikalesch Mouvementer aus der Vergaangenheet wéi Krautrock, Post-Punk, Neue Deutsche Welle, grad ewéi psychedelesch Tendenzen an hirem Sound erëm. An de roude Fuedem an deem Ganze bleift déi ganz dréchen an nonchalant Interpretatioun. Seriö soll ee sech dobäi net ze vill huelen, esou de Peter Rubel:

"Das ist die Balance, die man finden muss, oder die wir versuchen unterbewusst immer zu haben. Das es nicht nur ernst ist, aber auch nicht zu albern wird. Wenn's da irgendwie 'ne Balance gibt, dann ist das wieder ein Spannungsfeld, was uns am meisten Spaß macht, oder am meisten interessiert an der ganzen Musik und am Band-sein. Es ist immer ernst. Aber nicht nur."

Op hirem zweeten Album "Ententraum", deen dëst Joer am Abrëll erauskoum, kënnt nees vill Absurditéit an Humor zum Virschäin. Vu Marmelad, iwwer de Fürst von Metternich bis hin zu e mysteriéise Waassermann.

Déi lyresch Fantasie a Kreativitéit vun den Hären International Music ass ongewéinlech an erfrëschend. Et sinn dann och déi spontan a eegenaarteg Texter, déi der réier Musek déi néideg Liichtegkeet ginn:

"Dieses manische Rezitieren ist auf jeden Fall ein Aspekt. Das kommt auf jeden Fall immer von Pedro. Es ist textlich schon eine Bereicherung, weil es textlich und sprachlich ein ganz anderes Fass aufmacht als der klassische Gesang, wo man in fein-säuberlich getrennten Zeilen singt."

Klassesch versprécht sech hiren Optrëtt also net ze ginn. Zemools déi schif, awer dach ästhetesch Stëmmharmonien, grad ewéi déi defteg Gittar-Bass-Batterie-Instrumentatioun huelen ee mat op d'Rees an déi industriell Landschaften an Ënnerkultur vum Ruhrgebiet. Awer eben op eng éischter surreal Manéier. Eng komesch musikalesch Visioun, an där et sech wierklech lount sech ze verléieren.

An der Mediathéik:

Musek Aktuell / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

International Music
Album vun der Woch

D'Formatioun International Music presentéiert op hirem zweeten Album "Ententraum" Ruhrpottromantik an éischter ongewéinlech Dramfantasien. Véier Joer no hirem Debut beweise si, datt den Hype méi wéi gerechtfäerdegt ass.

International Music
Album vun der Woch

Eng Band International Music ze nennen heescht gläichzäiteg alles a guer näischt. Déi dräi jonk Hären aus Essen hu mat hirem Album en Highlight vum däitschsproochege Pop/Rock vum Joer ofgeliwwert.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen