Doud Hugo Strasser De Swing war säi Liewen

Si waren zesummen als Swing-Legende bekannt: de Paul Kuhn, de Max Greger an den Hugo Strasser. Elo ass och dee leschte vum Trio net méi do, den Jazz-Klarinettist Hugo Strasser ass dout. Hien ass am Alter vun 93 Joer gestuerwen. Quasi bis un d’Enn stoung de Jazz-Klarinettist a Bandleader op der Bühn, an en huet an iwwert 60 Joer Karriär d'Danzmusek wéi kaum en anere markéiert. 

Jean-Claude Majerus / ckl

hugo strasser.jpg
De Hugo Strasser war bis um Enn op der Bühn

Fir de Paul Kuhn, de Max Greger an den Hugo Strasser war Musek eng Zort Liewenskraaft a Liewesfreed fir et mol esou auszedrécken, an si sinn och bis an den héigen Alter eran hirer Passioun, hirem Liewe jo hirer Existenz nogaangen a stoungen zesummen op der Bühn, hunn Hale gefëllt. Et war awer kloer datt et iergendwann eriwwer wäert sinn, an dat goung den 23. September 2013 un, wéi den Jazz-Pianist, Bandleader a Sänger Paul Kuhn am Alter vun 85 Joer stierft. Vum Swing-Legenden Trio war du nach en Duo iwwreg, de Max Greger an den Hugo Strasser. 

De Max Greger ass dunn de 15. August d’lescht Joer am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Fir dem Max Greger säi Begriefnes hat den Hugo Strasser seng Klarinett derbäi, an huet sengem laangjärege Kolleg mat Tréinen an den Ae "Yesterday" vun de Beatles gespillt. Bei där Geleegenheet sot hien: "Jetzt bin nur noch ich da von den drei Swing-Legenden. Paul Kuhn war der Erste, jetzt der Max, der nächste bin ich. Es ist eine wunderschöne Zeit gewesen und die Erinnerung bleibt. Ich möchte noch ein bisschen musizieren, weil das eine Medizin ist, mit der ich in den letzten Jahrzehnten immer gut zurechtgekommen bin." Elo ass hien also selwer, kuerz viru sengem 94. Gebuertsdag gestuerwen.

Combo an der Kasär

De Hugo Strasser ass de 7. Abrëll 1922 am Quartier Schwabing zu München op d’Welt komm, säi Papp wollt am Fong datt hie soll Gei léieren, wou de jonken Hugo net domat averstaan war. Hien huet gemotzt a fir d’éischt emol eng Léier ugefaangen als Setzer, déi hien awer duerch eng Bläivergëftung huet mussen ophalen. De Wee huet hien dono awer bei d’Musek gefouert. 1937 huet de Strasser op der Akademie fir Tounkonscht zu München e Studium ugefaangen, a sech dobäi virun allem op d’Klarinett konzentréiert, e Studium wou hien no dräi Joer huet mussen ophalen, well hien an d’Wehrmacht agezu gouf.

An et war héchstwahrscheinlech och d’Klarinett duerch déi hien de Krich iwwerlieft huet, se war zu e puer Museker an hire Batailloun, déi eng kleng Combo gegrënnt huet, wat hirem Kommandant gefall huet, an deen huet d’Museker an der Kasär gehalen, déi aner hu mussen un d’Front. Den Hugo Strasser hat am Krich och e grousse Problem, seng Musek war de Swing a säi Virbild de Benny Goddmann, alles amerikanesch, an dat war bei den Nazie verbueden.

Liicht ze lauschtere, usprochsvoll ze spillen

Nom Krich huet den Hugo Strasser ebe mat sengem Swing an der Cluben vun der amerikanescher Arméi gespillt. 1955 huet hien säin éischten Danzorchester gegrënnt, hien huet éischt Placken opgeholl, déi Millioune mol verkaaft goufen, hie krut gëlle Placken, den däitsche Schallplacke-Präis, de gëllen Danzschong.

De Hugo Strasser huet komponéiert a ganz vill Lidder fir säin Orchester arrangéiert. Seng Kompositioun “Lonely Trumpet” ass e Weltsuccès ginn. Charakteristesch fir säin Orchestersound war de ganz strikten Danzrythmus, liicht ze lauschtere mä usprochsvoll ze spillen, a genee dat huet him och seng weltwäit Renommée bruecht.

Op der Bühn stonnelaang duerchgehalen

Den Hugo Strasser hat en sobert Liewen, keng Zigaretten, keen Alkohol, dofir vill Spadséiere goen, a Vëlo fueren. Mam Alter huet en de Vëlo ewech gelooss, en huet gefaart ze falen, an och d’Spadséiere goung net méi gutt, eng hallef Stonn dann huet en sech musse sëtzen. Mä, an dat ass dat Paradox beim him, an och bei senger verstuerwene Kollegen, esou bal se op der Bühn stoungen hunn se stonnelaang duergehalen. Nom Doud vum Paul Kuhn a Max Greger ass den Hugo Strasser an der lescht mat Max Greger sengem Fils Max Junior a sengem Enkel Maximillian opgetrueden.

De Hugo Strasser, en Gentleman am Liewen an op der Bühn, huet säi Swing seng Musek esou beschriwwen: Zitat: "Das ist das Tollste an der Swingmusik: dass man die Möglichkeit hat, aus der Melodie auszusteigen und über die Harmonien zu improvisieren. Eine Improvisation ist immer Spontaneität, das ist nichts Geschriebenes, das kommt aus der Situation, aus dem Spielmoment heraus."

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen