Bartleby Delicate "Heemecht ass keng Plaz, mee e Gefill"

A senger neier Single beschäftegt de Lëtzebuerger Sänger Bartleby Delicate sech mam Begrëff Heemecht. Dee sollt an enger digitaliséierter Welt nei beluecht ginn. Als Artist misst een och zur Aktualitéit Stellung bezéien.

Yves Stephany

Bartleby Delicate

"A Little Less Home" géif d'Geschicht erziele vun zwee Leit, déi sech net sécher sinn, ob si sech schonn eng Kéier getraff hunn, seet de Georges Goerens. Um Enn vum Lidd géife si sech bësse manner doheem fillen. Doduerch, datt ee sech an tëschemënschleche Bezéiunge kéint gebuergen an doheem fillen, wier d'Konzept vum Doheemsi guer net sou un en Uert gebonnen.

De Sänger stellt a sengem neie Lidd Staatsgrenzen a Fro. Heemecht ass éischter e Gefill, wéi eng Plaz, sou seng Thes. Am Wahljoer, wou zu Lëtzebuerg vill iwwer Identitéit diskutéiert gëtt, ass dat scho bal e subversive Message. Als Kënschtler wier ee verflicht, fir Stellung ze bezéien, seet de Georges Goerens.

Wann an Däitschland e Ministère fir Heemecht géif geschaaft ginn, wier et wichteg, datt ee sech iwwerleet, wat Heemecht iwwerhaapt ass, a wéi een dee Begrëff kéint nei besetzen. "Natierlech ass dat och e politesche Statement." Wann Heemecht e Gefill wier, misst een dat Gefill och entstoe loossen, zum Beispill wann ee Refugiéë géif ophuelen. "Wann ech soen: Du kanns hei ni doheem sinn, well s de hei net gebuer bass (...), dann ass d'Diskussioun och schonn eriwwer."

Op Aenhéicht mam Publikum

Obwuel Bartleby Delicate e Folk-Projet ass, hält de Georges Goerens net vill vu musikaleschen Traditiounen. Am amerikanesche Folk géifen zum Beispill ëmmer déi selwecht Motiver opdauchen. Dat wier scho bal humoristesch. "Beim Johnny Cash lant hien ëmmer iergendwann am Prisong, nodeems hien Droge geholl huet."

De Georges Goerens hätt sech dowéinst d'Fro gestallt: "Wat hues du ze soen?" Wann ee Wierder géif sangen, wier et wichteg sech ze froen, firwat ee géif Wierder sangen. Hie wéilt sech léise vu Stereotyppen an originell an authentesch Geschichten erzielen.

"Déi eent-zu-eent-Relatioun mam Public ass onbezuelbar", seet de Georges Goernes. Dowéinst wier hie sech net sécher, ob hien als Bartleby Delicate en Ensemble ronderëm sech wéilt hunn. "Déi grouss Stäerkt vum Projet ass et, de Leit op Aenhéicht ze begéinen. Als Individuum an net als Kollektiv." D'Grenz tëscht dem Artist an dem Mënsch géif op eemol komplett verschwammen. "Georges a Bartleby, heiansdo weess ech selwer net méi, wie wien ass." Ugeschwat op de Bühnepersonnage erkläert hien, de Bartleby wier dat, wat de Georges net kéint sinn, well hien ze villschichteg wier.

Den 9. Mee presentéiert de Bartleby Delicate säin éischten EP an de Rotonden.


Lauschtert dat ganzt Gespréich vum Yves Stephany mam Georges Goerens

Bartleby Delicate


Méi zum Thema

Tuys
Indie Rock

Eigentlech hate si kee Plang. Awer den Debut-Album vun der Lëtzebuerger Band Tuys kléngt erstaunlech homogen. Obwuel vill gutt Lidder drop sinn, ass et méi wéi eng Usammlung vu Singelen.

Faber
Pop

De Faber ass ee vun den erfollegräichsten däitschsproochege Sänger vum Moment. Hie séngt iwwer Brëscht, Flüchtlingen an Identitéit. Viru sengem ausverkaafte Concert hu mir de schwäizer Museker getraff.

Peter Broderick
Multi-Instrumentalist

Den amerikanesche Museker a Komponist iwwerrascht duerch seng Villsäitegkeet. Als Solo-Kënschtler oder als Deel vu Kollektive mécht de Peter Broderick Musek, déi accessibel, awer ni langweileg ass.

Mike Butcher a Marvin Gaye
Pop-Geschicht

"Midnight Love" ass dee leschten Album vum Marvin Gaye. Den Disk gouf vum Sänger selwer produzéiert, an hien huet quasi all d'Instrumenter selwer agespillt. Am Studio war den Tountechniker Mike Butcher.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen