arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Happy Birthday Bach!

333 Joer

|
reading time

3 min

Happy Birthday Bach!

Déi ganz Welt feiert haut dem Bach säin 333. Gebuertsdag an de radio 100,7 feiert mat. Um Programm: "Bach in the Subways", eng Exklusivopnam, Fun-Facts iwwer de Komponist a villes méi.

reading time

3 min

Als klenge Gebuertsdagscadeau fir de Bach hu mir den Jingle vun der Klassik-Emissioun Resonanzen zu enger Mini-Fuge ëmkomponéiert.

play_arrow 100,7 Fuge


Mat iwwer 1.000 Wierker ass de Johann Sebastian Bach ee vun deene gréisste Personnagen aus der Museksgeschicht. Mä wie war hien eigentlech? A wat si seng bekanntste Stécker?

Fir méi iwwert de Bach gewuer ze ginn, hu mir ënner anerem am Anekdote-Buch "Tasten, Töne und Tumulte" vum Rainer Schmitz a Benno Ure gebliedert.

play_arrow Wie war de Bach?


Arend Herold

Dem Bach säi Gebuertsdag gëtt hei zu Lëtzebuerg mat enger ganzer Rëtsch Concerte gefeiert. Wéi eng dat sinn, a wou déi ze héiere sinn, verzielt den Arend Herold, den Direkter vum Institut Européen de Chant Choral Luxembourg.

play_arrow Arend Herold


De Lëtzebuerger Vokalensembel Duke's Singers prouft grad u sengem neie Programm. Op der Affiche stinn ënner anerem déi zwee Choräl "Es ist genug" an "O Welt, sieh hier dein Leben".

No der Prouf hu mir mam Duke's Singer Claude Kraus geschwat

play_arrow Claude Kraus


"Seine Musik ist einfach zeitlos.", seet den englesche Popsänger Sting iwwer de Bach. Manner elegant dréckt sech den Albert Einstein aus: "Was ich zu Bach's Lebenswerk zu sagen habe: Hören, spielen, lieben, verehren und - das Maul halten!"

Jeannot Sanavia

Wéi ee Standing huet de Bach haut? Fir eng Äntwert dorobber ze fannen, si mir op Ettelbréck an de Conservatoire du Nord gefuer an hu mam Jeannot Sanavia iwwer seng Vue als Komponist op de Johann Sebastian Bach geschwat.

play_arrow Jeannot Sanavia


Fir d'Vue vun engem Concertshaus-Direkter gewuer ze ginn, hu mir mam Carl Adalseinsson vum Centre des Arts Pluriels geschwat. Ugefaange mat der Fro, wéi präsent de Bach haut nach an der Concertszeen ass.

play_arrow Carl Adalsteinsson


No all dëse Bäiträg an Informatiounen bleift eis just nach eppes iwwereg ze soen: Alles Guddes fir de Gebuertsdag, Johann Sebastian Bach.