Gesellschaftlech Problemer op funky Aart a Weis Sample vun der Woch: Curtis Mayfield - Move On Up

Dem Curtis Mayfield aka "The gentle giant" säi Lidd "Move On Up" huet gesellschaftlech Problemer op eng extrem funky a melodesch Aart eriwwerbruecht. 2005 gëtt d'Lidd fir dem Kanye West säi Lidd "Touch the Sky (Feat. Lupe Fiasco)" gesampelt.

Bobby Bieles / cbi

e29.jpg
"Move On Up" vum Curtis Mayfield koum 1970 eraus

Nom Hype ronderëm dem Kanye West senger verfilmter Biographie op Netflix, hunn ech mer geduecht ech ginn dem Personnage nach eng Chance! Haut schwätze mer iwwer dem Curtis Mayfield säin "Move On Up" vun 1970.

Dat war en Lidd vun ronn néng Minutten vun sengem Album "Curtis". Et war ursprénglech kee mega Hit, mee et ass mat den Jore méi bekannt ginn.

Curtis Mayfield aka "The gentle giant" war en amerikaneschen engagéierte Singer/Songwriter a Plackeproduzent, deen 1942 zu Chicago gebuer ass. Wei vill aner Museker huet hien an engem Gospel Chouer ugefaangen.

Hien huet sech d'Gittar selwer bäibruecht. Seng éischt Grupp waren "The Impressions", mat deenen hie relative Succès hat, wei zum Beispill mam Lidd "People Get Ready".

Fort vum Pop-Soul bis bei de Funk

Effektiv huet hien ab 1970 eng Solokarriär ugefaangen. Hie beweegt lues, awer sécher vun der Pop-Soul vu senger aler Grupp fort a mécht lo méi en engagéierte Funk a psychedelesch beaflosste Sound.

Hie revendiquéiert seng afroamerikanesch Urspréng a séngt iwwer Ongläichheeten an den USA an op der ganzer Welt. Besonnesch d'Lidd "Move On Up" huet erausgestach, well et gesellschaftlech Problemer op eng extrem funky a melodesch Aart eriwwer bréngt.

Seng Plack ass deemools ganz gutt beim Publikum a bei der Kritik ukomm. Et war e wichtege Baustee fir seng Karriär, mat deenen hie Leit wei zum Beispill Marvin Gaye fir säin "Whats Going On" inspiréiert huet.

Dem Kanye West säi positiven an inspiréierenden Track

2005 sampelt Just Blaze dem Mayfield säin Hit fir dem Kanye West säin "Touch the Sky (Feat. Lupe Fiasco)" doraus ze maachen.

Dat war déi drëtt Maxi vu sengem zweeten Album "Late Registration" deen op Roc-A-Fella erauskomm ass. Et ass deen eenzegen Track vum Album, deen net vum West produzéiert gouf.

Just Blaze huet en anscheinend a manner wéi 20 Minutte gebastelt. Hi pitcht hei den "Move On Up"-Sample erof an hannerleet e mat schwéiere Perkussiounen.

Et ass en positiven an inspiréierenden Track, de jiddwereen opfuerdert, genau sou vill Selbstvertrauen a sech ze hu wéi de Kanye West selwer.

Op englesch géif ee soen, den Track ass "straight uplifting". De Kanye West reift eis säi Succès ënner d'Nues a rifft eis op, genau sou ze si wéi hien: erfollegräich.

Am bekannte Video spillt de Kanye West d'Roll vum Stuntmann Evel Knievel a probéiert duerch en Stunt dem Himmel méi no ze kommen, mee bréngt et net fäerdeg.

De Kanye West huet de Video zu 100 Prozent selwer finanzéiert wéinst enger Meenungsverschiddenheet mat sengem Label. Am Video ass och d'Pamela Anderson ze gesinn an dat Ganzt hätt anscheinend iwwer eng Millioun US-Dollar kascht.

De Kanye West war ëffentlech beleidegt, datt hie kee Präis fir säi schéine Video gewonnen huet, mee d'Lidd bleift awer als ee vun den Héichpunkte vun 2005 an Erënnerung.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

E28.jpg
Sample vun der Woch

Shocking Blue war eng erfollegräich psychedelesch Rock-Grupp an de 70er an hunn iwwer zéng Millioune Placken verkaf. Hire Song "Love Buzz" gouf bekannterweis vun Nirvana gecovert, mee nach méi interessant ass ze gesinn, wien e gesampelt huet.

E27.jpg
Sample vun der Woch

Den Charles Bradley aka "The Screaming Eagle of Soul" huet laang gebraucht fir bekannt ze ginn. "The World (Is Going Up in Flames)" ass inspiréiert vum Doud vu sengem Brudder, dee vun sengem Neveu ermort ginn ass.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen