Nei EP: Jackie Moontan – The Longest Sunday in History Fir ëmmer Sonnden

Den Jackie Moontan ass dee Personnage, an deen den Alain Schuman klëmmt, wann hie Musek mécht. een Entertainer, dee vum Mound gefall ass. Fir déi nei EP hunn de Jérôme Klein an de Pol Belardi mat der Musek gehollef, an dat iwwer Netzwierk wärend dem Covid-Lockdown. D'Zesummenaarbecht huet alle Bedeelegten esou gefall, dass elo och schonns een Nofollgeralbum an der Këscht ass. Rendezvous also am Fréijoer fir den éischten Jackie Moontan-Longplayer.

Marc Clement / cbi

Jackie Moontan

"Dat, wat eis am Fong zesummebruecht huet, waren d'Crazy-Quarantine-Sessions, déi de Pol wärend dem Lockdown organiséiert huet. Wou ech dës Songs du fäerdeg geschriwwen hat, sinn ech mer e bëssen gemeinsam domat virkomm, a wollt se eleng verwierklechen."

Déi zwee Museker, déi vum Sänger zu Pol "Bootsy" Belardi a Jerome "Little Jay" Klein ëmgedeeft goufen, sinn der Aluedung direkt nokomm, wann och iwwer Distanz. Wéinst der Pandemie goufen all d'Opname vun dëser "Covid-EP" a Form vun Dateien iwwer d'Netz geschéckt, ier se zesummegeschnëppelt op "The Longest Sunday in History" gelant sinn.

De Wonsch zesummen am Studio ze schaffe gouf allerdéngs wärend der Aarbecht un dëse véier Titelen ëmmer méi grouss. Esou grouss, datt déi dräi grad aus enger gemeinsamer Studiosessioun zesumme mam Batteur Niels Engel erauskommen, bei där deen éischten Jackie Moontan Album erauskomm ass. Wann Iech "The Longest Sunday ..." also gefält, ass Nachschub schonn ënnerwee.

An der Mediathéik:

Musek Aktuell / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

SUUNS
Musek

Zentral fir d'Roll vun engem Zeien ass säi Bléck. "The Witness", déi nei a fënneft Studioplack vun der kanadescher Band Suuns ass een Album iwwer Blécker, Gewëssensfroen a Selbstzweiwel.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen