Musek Enn vu Legotrip: "Et war eng besonnesch Dynamik"

Ufanks war Legotrip éischter e Solo-Projet gewiescht. Eréischt 2011 ass déi richteg Band entstanen, wéi ee se bis ewell kannt huet. Mam Eric Falchero, Rom Christnach a Misch Feinen. D'Zäit vu Legotrip wier elo op en Enn komm. Zwee Memberen hätte Schwieregkeeten hiert berufflecht a privat Liewe mat dem Museksprojet ënner een Hutt ze kréien.

Mike Tock (Interview) / Jamie Reinert a Chris Zeien (Web)

Serge Tonnar

De ganzen Interview mam Serge Tonnar


Seng Zäit richteg kënnen ze doséiere wier als fräi schaffende Kënschtler scho schwiereg genuch. Fir déijéineg an der Band, déi d'Musek nieft dem Beruff an de Kanner doheem nach maache missten, kéint et séier ze vill ginn.

Och wann näischt éiweg bleift, hätt een awer eng Bull am Hals, wéi de leschte Concert e Samschdeg am Flying Dutchman war. Et wier e flotten Ofschloss gewiescht.

Eleng optriede wier elo direkt net de Plang. Mat Legotrip wier et eng besonnesch Dynamik gewiescht a Memberen ze ersetze géif kee Sënn maachen.

Als Jonke wier den Dram gewiescht an d'Ausland ze goen. "Bei mir huet sech eppes aneschtes erginn." Et wier ufanks net evident gewiescht, d'Lidder op Lëtzebuergesch ze spillen. D'Leit hätte gesot "firwat mëss de dat dann?", "dat versti just Lëtzebuerger", "däi Publikum gëtt méi kleng" an esou virun. De Contraire wier awer geschitt. Als Kënschtler géif hien net tëschent Ausland a Lëtzebuerg ënnerscheeden.

"Den Dram ass, wann s de kanns deng Aarbecht maachen, dovunner liewen, an datt s de e Publikum hues, deen s de domat kanns beréieren."

Méi zum Thema

Serge Tonnar - Aner Lidder
Bekannte Lidder op Lëtzebuergesch

Jacques Brel a Bob Dylan op Lëtzebuergesch ... Geet dat iwwerhaapt? Jo, seet de Serge Tonnar. Dëse Samschdeg presentéiert de Sänger "Aner Lidder" - en Album mat just Coverversiounen.

Serge Tonnar an Eric Falcero
Vun der Long op d'Zong

Och an der Mammesprooch kann ee Mëssverstane ginn. Virun allem vu Leit, déi mengen, si wäre besonnesch gutt Lëtzebuerger. De Serge Tonnar wënscht sech méi Konkurrenz, virun allem bei Liebeslidder.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen