Glen Hansard - This Wild Willing Eng roueg Plack, déi vill ze erzielen huet

Den Album vun der Woch kënnt aus Irland. Dem Glen Hansard, fréiere Frontmann vun der Dubliner Band The Frames, ass mat senger neier Scheif "This Wild Willing" e besonnesche Worf gelongen, mengt de Marc Clement.

Marc Clement / cz

Glen Hansard
Glen Hansard

Den irische Singer-Songwriter Glen Hansard fänkt seng nei Plack mat engem stëmmungsvolle Crescendo un. Op een digital eroofgesampelten, wattege Bass an Drum Sample, dee kléngt, wéi aus enger 80er Joren Action-Tëleesserie, drappéiere sech ee liicht Gittarenzupfen, eng Stëmm, déi kaum méi wéi pëspert, Sträicherakzenter an um Enn ee ganze Chouer, dee géint e Stuerm vu Rauschen ukämpft. Et ass esou intensiv, wéi et elegant ass a grad ongewinnt genuch, fir mat eranzedauchen.

De Glen Hansard ass a senger Heemecht Irland eng Legend. Mat senger Band The Frames huet hien d'ganz 90er duerch déi Dubliner Musekszeen erfreet. Seng Soloplacken, déi hien elo zanter sechs Joer erausbréngt, weisen eng méi grouss Sophisticatioun am Songwriting. Chartpositiounen, déi an Irland falen, gi mat gréisserer Unerkennung am Ausland zesumme fir de Glen Hansard, deen op senger schéi betitelter fënnefter Soloplack "This Wild Willing" d'Konschstéck fäerdegbréngt, Folkrock Songwriting mat all sengen Instrumenter, Fiedel inclus, mat e puer ausgesichten elektroneschen Elementer zu engem radikal moderne Sound zesummenzeschmëlzen.

D'Arrangementer si seriö a spuersam, mee dofir op den Instrumenter ëmsou méi gefillsvoll ëmgesat, wéi op "The Closing Door".

Eng Plack aus där Dignitéit an Erfahrung schwätzen

Op enger ganzer Partie Songs vu "This Wild Willing" schwéngt e bësse vum Esprit vun engem Tom Waits mat, wéi hien an de spéide 70er geklongen huet, a bei The Cure an dem Nick Cave léint den Hansard sech eng gewësse gotesch Eleganz, déi hie schéi verdéift zu engem niwwelegen Hannergrond fir seng Texter, déi dacks zudéifst oppe schwätzen.

Bis op dat vläicht e bëssen einfacht "Fool's Game" ass hei all eenzele Song e Sprangbur vun dynameschen, weiderlafenden Texturen a Stëmmungen, déi d'Opmierksamkeet ganz vum Schema hanner der Musek ewechhuelen an einfach fléissen. Dat alles ass mat enger Retenue duerchgeféiert, déi den Esprit vum Moment a kleng Niewegeräischer bewosst afänkt. Esou kléngt alles lieweg an otemt mam Hansard senger Stëmm, déi sécher keng Sangstëmm am klassesche Sënn ass, mee hei duerch hir Ausdrocksstäerkt näischt ze wënschen iwwereg léisst.

"This Wild Willing" ass eng Plack aus där Erfarung a Liewe schwätzen, déi eng roueg Dignitéit ausstraalt a villes ze erzielen huet. Frënn vu Singer-Songwriter, gothic New Wave, Country oder Jazz kënne sech all gläich an dëser Plack erëmfannen, op där de Glen Hansard mat meditativer Kloerheet vum Düsteren an dat Onschëllegt an nees zeréck wandert.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Catherine Kontz an d'Albena Petrovic
Komponistinnen zu Lëtzebuerg

Op dem neien, duebelen Album mat Melodien a Balladë vun der Helen Buchholtz fënnt een och Wierker vun zäitgenëssesche Komponistinnen: Stevie Wishart, Tatsiana Zelianko, Albena Petrovic a Catherine Kontz.

De Leonard Cohen an der Manchester arena
Leonard Cohen – Songs From A Room

Mam éischten Album "Songs of Leonard Cohen" (1967) mécht de Kanadier sech an der Singer/Songwriter-Zeen en exzellenten Numm. Säin zweet Wierk, "Songs From A Room" (1969) knäppt un dee Succès un.

Eng Improvisatioun mam Maurice Clement
Wäiss a Schwaarz

Fanger déi iwwer d'Taste fléien, e Piano dee wackelt an e Pianist, dee voll a sengem Element ass: De Maurice Clement improviséiert um 100,7-Piano a gëtt en déiwen Abléck a säi Fach.

Hervé-Birolini
Quattropole-Musekspräis

Gëschter Owend war zu Tréier an der TUFA d'Präisiwwerreechung vum éischte Quattropole-Musekspräis mat der Presentatioun vun de Wierker vun de véier Finalisten. Als beschte Projet gouf "Exartikulations" vum Metzer Komponist Hervé Birolini ausgezeechent.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen