Centre de Musiques Amplifiées Eng nei Transparenz fir d'Rockhal?

D'Rockhal presentéiert fir d'éischte Kéier hir Konten. Den Etablissement Public wëllt Kritike vu sech weisen, datt ëffentlech Gelder benotzt gi fir Concerten ze finanzéieren. D'Dotatioun vum Ministère géif just duergoen, fir Personalkäschten ze decken.

Yves Stephany

Rockhal
Rockhal

D'Dotatioun vu ronn 2,5 Milliounen Euro, déi d'Rockhal vum Kulturministère kritt, geet just duer fir d'Personalkäschten ze decken, seet de President vum Verwaltungsrot, Luc Henzig. Déi lafend Käschte vu knapps annerhallwer Millioun missten deemno duerch Recette vum Concertsgeschäft gedeckt ginn.

Et ass fir d'éischte Kéier, datt den Etablissement Public seng Konten ëffentlech virun der Press presentéiert. De Grond fir dës nei Transparenz wieren eng ganz Rëtsch Kritiken, an eng Plainte beim Konkurrenzrot, seet de Luc Henzig. Et wier gesot ginn, datt mat ëffentleche Sue Concertsaktivitéiten géifen ënnerstëtzt ginn.

"De Leit Freed maachen"

De Luc Henzig verdeedegt déi kommerziell Approche vun der Rockhal. Den Etablissement Public kéint sech als Concertspromoteur keng Defiziter erlaben, soss misst herno de Steierzueler dofir opkommen. De Leit Freed ze maache wier och Deel vum ëffentlechen Optrag.

"Wa mir dat just fir Insider maachen, fir intellektuell gutt do ze stoen, dat nëtzt eis och näischt."

Allerdéngs misst déi ëffentlech Hand ganz geschwë fir finanziell Hëllef gefrot ginn, fir Renovatiounsaarbechten um Gebai, sou de Luc Henzig. Niewent der Sécherheet an der Signalisatioun, misst och an de Confort investéiert ginn, Stéchwuert: VIP-Beräich. Och beim Catering wier d'Infrastruktur vereelzt. Zum Beispill géifen et haut méi performant, robotergesteiert Zapanlage fir Béier ginn.

Nei Raimlechkeeten am Rocklab

Am Rocklab goufen en Donneschdeg nei Raimlechkeeten ageweit. Niewent neie Bureaue fir d'Mataarbechter vum Rocklab goufe Reuniounssäll an Aarbechtsposte fir Museker an hire professionellen Entourage ageriicht. Jiddereen, deen interesséiert wier, kéint sech en Abonnement fir dës Infrastrukturen ufroen, sou de Rockhal-Direkter Olivier Toth. Et géif e Besoin fir dës Zort Incubator ginn, virun allem fir Leit, déi am Beräich vum Management vun den Artisten aktiv wieren.


Dat ganzt Gespréich mam President vum Conseil vun der Rockhal, Luc Henzig:

Luc Henzig


Méi zum Thema

Rockhal
Rockhal

Den Direkter vun der Rockhal weist Kritiken un der Programmatioun zeréck. "Déi Jonk, déi deemools d'Hal gefrot hunn, komme lo Megadeth kucken." Duerch Ballete kéint een edukativ Projete finanzéieren.

Laurent Loschetter - Olivier Toth
Atelier a Rockhal

D'Rockhal respektéiert net de géigesäitegen Accord tëschent Concerts-Organisateuren, kritiséiert den Atelier. Den Etablissement Public huet de Sting um Dag vum Atelier sengem Festival gebucht.

No enger Plainte vun Abraxas a vum Atelier, ënnersicht de Conseil de la Concurrence ob d'Rockhal vun enger dominanter Positioun abuséiert

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen