Dieter Birr Eng Maschinn mat Danzmusek-Studium

Den Dieter Birr ass Sänger vun der DDR-Kultband "Puhdys". Am Interview schwätzt hie vun den Texter zwëschent den Zeilen, vun Touren ouni Bus, a vu senger Ausbildung an der DDR als Danzmuseker.

Jean-Claude Majerus / ys

Dieter Birr

An de 1970er Joere war den Dieter Birr mat senger Band Pudhys zu Lëtzebuerg. Iwwer 45 Joer laang stoung hie mat där Formatioun op der Bühn. Elo ass et eriwwer. Oder bal: D’Pudhys ginn nach zesumme mat deenen aneren DDR-Gruppe City a Karat e puer Concerten am Kontext vun hirer "Legenden-Tour". Mä duerno ass definitiv Schluss.

Mam Auto op de Concert

"Musek ass eisen Hobby an eis Leidenschaft. Wa mir op der Bühn sinn, da gi mir ëmmer 110 Prozent" seet den Dieter Birr. D'Leidenschaft géif ni noloossen. An och d'Opreegung net: "Et ass ëmmer nees nei. Et ass ëmmer schéin, virun de Public ze kommen an ze mierken, datt een d'Léit péckt."

D'Rezept, firwat d'Pudhys sou laang zesumme konnten als Kollektiv funktionéieren, ass dem Sänger senger Meenung no ganz einfach: Si fueren all eenzel mat hirem Privatauto op d'Concerten a gesi sech just op der Bühn an am Proufsall. Et gouf ni Stress am Tourbus.

Solo-Projeten

Niewent de Pudhys huet den Dieter Birr och eege Projeten. Rezent koum säin zweete Solo-Album "Maschine" eraus. "Ech wollt Fräiraum fir mech hunn a wollt mat anere Museker zesumme spillen. Doduerch kritt ee vill Inspiratioun." Deen drëtten Album wär fir September geplangt. Genee wéi op "Maschine" sinn eng Rëtsch Gäscht mat dobäi. Dorënner den Heinz Rudolf Kuntze.

Den Dieter Birr huet eng aner Approche zu Texter, well hien eben an engem Land musikalesch grouss ginn ass, der Ex-DDR, wou een an den Texter vill méi tëscht den Zeilen huet musse schreiwen.

Diploméierten Danzmuseker

Den Dieter Birr, deen 1944 zu Kösslin a Pommern gebuer gouf, war à l’Origine Handwierker. Hien huet an der DDR Universalschläifer geléiert, huet sech dernieft autodidaktesch Gittar bäibruecht, a spéider Danzmusek studéiert.

"An der DDR huet ee missen eng Ausbildung hunn, wann een als Museker wollt schaffen," erkläert den Dieter Birr. Nodréiglech fënnt hien et awer besser, ee Beruff ze léieren an niewebäi Musek ze maachen. "D'Beatles an d'Stones hunn och keng musikalesch Ausbildung gemaach, an hu souzesoen d'Welt mat hirer Musek revolutionnéiert."

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Dieter Birr.jpg
Album vun der Woch

De fréiere Sänger vun der DDR-Kultband Puhdys dréint d'Auere mat sengem zweete Soloalbum e Stéck zréck. Hien erënnert un ee gedeeltent Land. A kuckt vun zwou Säiten op d'Mauer zwëschent Ost a West.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen