Pickle Darling - Bigness Eng entspaanten Affär
Op dëser Plaz, wou mir d'Albume vun de Woche virstellen, war et ëmmer nees de Fall: spannend a flott Musek aus Australien an Ëmgéigend. A mat Ëmgéigend mengen ech Neuseeland. Viru Jore schonn hunn Tame Impala frësche Wand an d'Rockmusek geblosen an d'Frae vu Milk! Records - d'Courtney Barnett an d'Jen Cloher hunn et eis ëmmer an ëmmer nees ferm ugedoen.
Gittarmusek vun do ënne riets op der Weltkaart: ëmmer nees gäre wëllkomm. Mee net nëmme Gittarmusek. Pickle Darling aus dem neuseelännesche Christchurch versprécht eppes Grousses. Op d'mannst wann et dem Titel vum éischten Album no geet. "Bigness"!
Iwwer 15 Joer ass et hier, datt de Ben Gibbard vun Death Cab for Cutie mat "Give Up" - deem éischten an eenzegen Album vun The Postal Service - iergendwéi schonn eppes wéi en Zäitgeescht agefaangen huet. Elo huet de Lukas Mayo op Z Tapes Bigness, iergendwéi eng Zort Neveu vum Postal Service, op d'Welt bruecht.
Eppes virop: "Bigness" vu Pickle Darling ass eng entspaanten Affär. Héchstwahrscheinlech esou entspaant, wéi d'Stad Christchurch, d'400.000-Awunner-Stad op der Südinsel vun Neuseeland. Tatsaach ass, datt de Lukas Mayo seng knapp 30 Minutte Musek um léiwen, wierklech léiwen Debutalbum bei sech doheem an der Kummer opgeholl huet. Esou Schlofkummer-produzéierte Musek huet dacks e low-fi Nogoût. Ganz am Géigendeel bei Pickle Darling.
D'musikalesch Approche vu Pickle Darling verbitt et dem Lukas Mayo einfach drop lass ze schruppen. Seng Soundscapes entstinn am Zesummespill vun akusteschen an elektroneschen Elementer. Einfach Gittarakkorden treffen op eng douce Drummaschinn an/oder Synthiesounds. Dann daucht op eemol ee Kannerglackespill op, dat ee fir d'lescht an der Spillschoul gespillt huet. An esou weider an esou virun. Mat dem Postal Service hätt een nach op enger Indiediskodanzfläch punkte kënnen, mee bei Pickle Darling maximal doheem an der Stuff oder um Vëlo. Wann deen éischte Song dann nach Bicycle Weather heescht, an de Januar wierklech alles anescht wéi Vëloswieder mat sech bréngt, dann ass deen heite verkaf.
Et gëtt verluerene Léiften nogesongen, Sushi giess, iwwer Biologie fabuléiert an eng Eloge op den Nicolas Cage gemaach. An natierlech iwwer d'Liewen am grousse Ganze geschwat. Alles an Näischt fënnt zesummen op dësem onscheinbar musikalesch duerchduechten Album, deen een einfachkeetshallwer als iwwerflächlech - a wéi um Albumcover ze gesinn - mat roude Bäckelcher iwwerzockerten Album ofstempelen. De Lukas Mayo verzaubert awer mat klenge Popbijouen, mat deene sech d'Joer gutt ufänke léisst.