Eddie Chacon - Pleasure, Joy and Happiness Eng eegenaarteg musikalesch Grozon

Als Teenager huet hie Mëtt de 70er zesumme mat zukünftege Metallica- a "Faith No More"-Memberen an enger Garage Rock Band gespillt. Ufanks den 90er hat hien e risegen Hit als Deel vum R'n'B Duo Charles & Eddie. An dunn huet een näischt méi héieren. Elo mellt den Eddie Chacon sech zeréck.

Jamie Reinert / cbi

Eddie Chacon
Foto: Sissy Sainte-Marie

Den Eddie Chacon huet Mëtt den 90er dem Museksbusiness de Réck gedréit. Hien huet eng Karriär als Moudefotograf ageschloen. E véierels Joerhonnert spéider steet hie nees am Tounstudio. R'n'B a Soul sinn erëm um Programm. Awer eng zimmlech duseleg Zort.

Mat ganz ville Synthien a léiwen Drum Machines, déi zesummen e komescht Netzwierk vu beniwwelte Kläng vu sech ginn. Eng ongewéinlech musikalesch Tapéit, déi dem Crooner am mëttleren Alter seng duuss a suave Vocals liicht ironesch entgéintgesat ass.

Wat zimmlech einfach hätt kënnen an de seichte musikalesche Spektrum falen, funktionéiert hei. E séisse Soul R'n'B Sänger aus den 90er gouf mat der néideger Dos Kitsch an Humor ugepaakt, an dobäi ass eppes mat Charakter entstanen.

De Produzent, dee fir dësen Erfolleg gesuergt huet, ass den John Carroll Kirby. E Museker, dee fir seng Zesummenaarbecht mam Solange oder och Blood Orange bekannt ass. Seng zockereg Tounpalett eegent sech perfekt fir e Sänger wéi den Eddie Chacon an Zeen ze setzen. Ëmmerhi staamt de Chacon vun enger Zäit, déi de Kirby scheinbar intrigéiert. Wou d'Sade engem duerch de Radio an d'Ouer gepëspert huet. Den Terence Trent d'Arby op MTV gedanzt huet. Dës musikalesch Ierfschaft gëtt op "Pleasure, Joy and Happiness" mat Elan weidergeféiert. An dat ouni am mauvais Goût ënnerzegoen.

"Pleasure, Joy and Happiness" ass e romantescht Wierk, dat sech awer och elo net ze vill seriö hëlt. D'Texter enthalen ofgenotzte Weisheeten a Clichéen, ginn awer esou éierlech eriwwerbruecht, datt een dem Eddie Chacon all Sentimentalitéit verzeit.

Et huet een et hei mat engem Sänger ze dinn, deen Hit-Erfarung huet. An deen trotz enger Paus vu 25 Joer nach ëmmer wéi e Meeschter mam Mikro ëmgoe kann. Hie kritt och genuch Plaz gebuede fir dezent Vocalakrobatik auszeüben.

Dem John Carroll Kirby seng musikalesch Ënnermolung ass ënnerdriwwen a fléisst wéi en Ambient-Track dohinner. Et befënnt ee sech an enger eegenaarteger musikalescher Grozon, d'Atmosphär ass verschwommen, spruddeleg a waarm. Esouguer déi synthetesch Pan-Flütt, déi sech ouni Schimmt un een eruschläicht, fënnt hei seng Plaz. Den Eddie Chacon ass op alle Fall zeréck. An dat ass gutt.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Art Feynman
Art Feynman - Half Price at 3​:​30

Um Pass an op Folkplacken heescht hie Luke Temple, wann hien den Numm Art Feynman unhëlt, gëtt den amerikanesche Folkmuseker zum Guerilla Recorder. Eisen Album vun der Woch.

Arca
Arca - KiCk i

D'Kënschtlerin Arca ass als Produzentin hanner Stars ewéi Björk, Kanye West. Mat "KicK i" presentéiert si lo hire chaotesche Popentworf, dee vun haardem Reggaeton bis schmalzege Balladenmusikalesch alles ofdeckt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen