Opnamen an der Philharmonie Eng CD entsteet

2020 kritt d'Uergel an der Philharmonie 15 Joer. Mat enger CD vum Organist Maurice Clement an dem Trompettist Adam Rixer soll dëse Gebuertsdag gefeiert ginn. Mir ware fir e Multimedia-Reportage bei den Opnamen dobäi.

Luc Boentges

Maurice Clement an Adam Rixer
Maurice Clement an Adam Rixer

Fir ronn dräi Deeg war de grousse Sall vun der Philharmonie fir genee zwee Museker an een Tounmeeschter reservéiert. Am Kader vun de Festivitéite ronderëm de 15. Gebuertsdag vun der Philharmonie gëtt 2020 och de 15. Gebuertsdag vun der Uergel gefeiert.

Dofir hunn den Titularorganist Maurice Clement an den den éischte Solotrompettist vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Adam Rixer de Projet vun enger CD-Opnam lancéiert. Mir ware mat enger Kamera an engem Mikro bei den Opnamen dobäi an hunn éischt Andréck vun der CD agefaangen.

De Multimedia-Reportage fannt Dir hei.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

The Disliked am Studio
Nei Scheif vun The Disliked

Den 31. Mee presentéieren The Disliked hiren neien Album "Reggae Rescue". Am Gespréich erklären d'Museker, firwat si e Gang zeréckgeschalt hunn. A si spillen zwee nei Stécker am Studio.

Fligel am Studio 8
Musek

404 Kilo schwéier, zwee Meter a 15 Zentimeter laang an e grousse Klang. D'Pianohaus Hübner vun Tréier huet sech bereet erkläert dem radio 100,7 en iwwer zwee Meter grousse Boston-Fligel an de Studio ze stellen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen