Komponist vum Mount En onendleche Wanderer

"Das Wandern ist des Müllers Lust..." - d'Wanderen ass eent vun de markanten Themen an der däitscher Romantik. Et gëtt kaum e Schrëftsteller, dee sech net opgemaach huet, eraus an d'Natur, fort vun der Groussstad an eng nach onberéiert Welt, wou een - wéi een haut seet - frësch optanke konnt.

Guy Engels / lb

Franz Schubert
De Franz Schubert

Domadder ass et awer net gedoen. D'Wandern ass och een emotionalen Zoustand, eng ënner Onrou, déi e permanent undreift, fortdreift - e Foussmarsch, deen och ganz dacks néierens hiféiert.

De Franz Schubert war e stännege musikalesche Wanderer. Wéi dacks huet en de Sujet a senge Lieder vertount. Emol ass et de fidele Mëller, eng Grëtz wéi dem Eichendorff säin Taugenichts, eemol ass et deen, deen am Däischteren, eleng op der Flouer, an awer glécklech ass.

Hie selwer war um Enn vu senger Liewensrees ukomm, wéi hien 1827 een "Zyklus schauerlicher Lieder" annoncéiert. De Komponist war sech bewosst, datt e géint seng Syphilis keng Chance méi hat. De Johann Mayrhofer, e Frënd vum Komponist, beschreift d'Situatioun esou:

"Er war lange und schwer krank gewesen, er hatte niederschlagende Erfahrungen gemacht, dem Leben war die Rosenfarbe abgestreift; für ihn war Winter eingetreten."

Trotzdeem komponéiert de Schubert weider. Hien hat e Gedichtband mat zwielef "Wanderlieder" vum Wilhelm Müller entdeckt, gelies an decidéiert, d'Saach ze vertounen. Datt de Müller am Fong 24 Gedichter geschriwwen hat, ass de Schubert eréischt méi spéit gewuer ginn. Selbstverständlech huet hien och dës Texter vertount.

E kuerzt Liewen

De Peter Pears, de Benjamin Britten an de Peter Schreier sinn dräi vu ville bedeitende Schubert-Interpreten, fir déi d'Winterreise eng Affär fir Mënschen mat Liewenserfarung ass.

Déi hat de Franz Schubert scho mat 30 Joer - e Liewen am Rausch, dat erlaanscht geflunn ass an am Fong guer näischt mam Wanderer ze dinn huet, dee knapp fënnef Kilometer an der Stonn hanner sech bréngt. Dem Franz Schubert seng ganz perséinlech Winterreise ass den 19. November 1828 op en Enn komm - begleet vum "Leiermann". Ukomm ass de Komponist awer ni.

An der Mediathéik:

KomponistIn vum Mount / / Guy Engels
Lauschteren

Méi zum Thema

Alessandro Urbano
Musek am Gespréich

Den Alessandro Urbano ass den Titularorganist zu Diddeleng an der Kierch. D'Instrument, op deem hien spillt, ass ënner Uergel-Frënn op der ganzer Welt bekannt a gëtt reegelméisseg fir Opname genotzt.

Mahler
Klassik-CD

Den David Briggs adaptéiert dem Gustav Mahler seng Musek fir d'Uergel. Säin aktuellste Projet huet hien zesumme mam Bariton David Pike enregistréiert. Mir ware bei enger Opnam-Sessioun dobäi.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen