Stater Conservatoire En neit Departement fir Al Musek?

De Stater Conservatoire krut en neit Instrument. Wat am Mäerz während der Semaine des Cordes op enger Wierkbänk ugefaangen huet, ass elo eng fäerdeg Barockgei. Dëst Instrument kéint den zaarten Ufank vun engem neien Departement fir Al Musek markéieren, seet den Direkter Marc Meyers.

Luc Boentges

Marc Meyers
Marc Meyers, Direkter vum Stater Conservatoire

Dat neit Instrument soll de Studente vum Stater Conservatoire Loscht maache fir drop ze spillen an hinnen de Sënn fir esou Instrumenter an och hir Spillweis méi no bréngen, seet de Marc Meyers. Awer net nëmmen. Hanner der Barockgei verstoppe sech nämlech e puer Gedanken, déi op en zukünftege Projet verweisen. Den Direkter hofft domat en zaarten Ufank a Richtung vun engem neien Departement kënnen ze woen: engem Departement fir Al Musek.

"Ech denken, datt Lëtzebuerg an där Hisiicht räif ass. No Versich, déi éischter op individueller Basis waren [...] denken ech, datt eben eng Institutioun wéi e Conservatoire do och soll e Partner sinn oder ginn."

Nach wier een net esou wäit, mee de Wonsch géif bestoen iwwer esou Initiative wéi d'Iwwerreechung vun der Barockgei lues a lues dat Departement beliewen ze kënnen.

En zaarten Ufank

Viru Jore well, hätt een am Stater Conservatoire probéiert mat verschiddene Modullen ze schaffen. Fir d'Ästhetik vun der Aler Musek an d'Gebai ze kréien, wieren zum Beispill Workshoppen a Masterclassen organiséiert ginn. D'Iwwerreechung vun der Barockgei beschreift de Marc Meyers als zaarten Ufank vun engem neien Departement. D'Grënnung dovu bräicht nämlech eng aner Dynamik, wéi wann ee just en eenzelt Fach géif bäisetzen.

Op där enger Säit huet sech déi Al Musek, respektiv déi historesch informéiert Interpretatioun dovun well fest an de Concertshaiser etabléiert. Op där anerer Säit wier se awer net an alle Schoule vertrueden, well se eng "special care" an der Pädagogik bräicht, seet de Marc Meyers. D'Roll vum Conservatoire besteet hei am Opmaache vun neie Méiglechkeete fir d'Schüler.

"Ech mengen e Conservatoire sollt probéieren, eben an esou enger Pluralitéit déi verschidde Facetten duerzestellen, an dann déi Jonk ze encouragéieren, fir do, wou si wierklech d'Gefill hunn, datt si doheem kéinte sinn, och ze encouragéieren, doran hir Studie weiderzemaachen."


Al Musek

Ënner dem Begrëff "Al Musek" ginn déi verschidde Museksstiler vum Mëttelalter bis zum Enn vum Barock (1750) regroupéiert. An engem Departement fir Al Musek geet et drëm ze léieren, wéi een dës Kompositiounen op historeschen Instrumenter (oder Nobauten) esou interpretéiert, wéi se och fréier gespillt goufen.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

BNL
Piano spillen, Musek lauschteren a Partiture studéieren

An der neier Nationalbibliothéik huet och d'Musek en Doheem fonnt. De Luc Boentges huet sech mat zwee Mataarbechter vum Cedom getraff a sech dat neit Gebai aus dem Bléckwénkel vun der Musek ugekuckt.

30 Joer Solistes Européens
30 Joer Solistes Européens

Den 20. September 1989 presentéiert sech een neien Orchester, een Ensembel, dee sech gréisstendeels aus Museker aus osteuropäesche Länner zesummesetzt. Den Numm: Solistes Européens, Luxembourg.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen