Philharmonie "Elo geet et an déi nächst Etapp"

No der Phas, an där all d'Concerten hu missen ofgesot ginn, an nodeems een am Juni nees ganz lues a virsiichteg gestart huet, géif et no der Summerpaus elo an déi nächst Etapp goen, seet de Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie. Lass geet déi nei Saison de 17. Juni mat engem Optrëtt vum Pianist Krystian Zimerman zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (OPL) ënner der Direktioun vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno.

Luc Boentges

Stephan Gehmacher
Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie

Wärend virum Summer bei de Concerten am grousse Sall vun der Philharmonie ronn 280 Leit am Publikum zougelooss waren, sinn et der elo ronn 500. Dat géif enger Auslaaschtung vun ongeféier 40 Prozent entspriechen, seet de Stephan Gehmacher. Dofir wier de Mask vun der neier Saison un och wärend de Concerten obligatoresch. Dës Decisioun hätt d'Philharmonie getraff, nodeems ee festgestallt hätt, datt et bei de Summerfestivalle wéi zum Beispill de Salzburger Festspielen eng héich Acceptanz fir d'Masken am Sall ginn hätt. Obwuel et do keng Obligatioun gouf, hätten trotzdeem ronn 70 Prozent vun de Leit am Publikum hire Mask ubehalen.

Concerte kéinten an Zukunft zwee Mol gespillt ginn

Eng Auslaaschtung vu 40 Prozent bedeit gläichzäiteg 60 Prozent manner Akommes. Et wier dofir net ausgeschloss, datt Concerten an Zukunft méi wéi eng Kéier gespillt ginn, seet de Stephan Gehmacher. Dat hätt ee sech an enger éischter Phas nach net getraut, well een nach net gewosst hätt, wéi gutt d'Publikumsreaktioun wier a wéi vill Vertraue well do wier. Et hätt een awer feststelle kënnen, datt déi éischt zwee Concerte vum Beethoven-Zyklus mam Pianist Krystian Zimerman ausverkaaft wieren. Gläichzäiteg géif et och fir déi programméiert Gaaschtorchesteren e grousse Publikumsinteressi ginn. Wa sech dësen Trend an der noer Zukunft géif bestätegen, géif ee probéiere Concerten och zwee Mol ze spillen.

Stream keen Ersatz fir Live-Concerten

Eng Konsequenz vun der Corona-Pandemie war, datt d'Philharmonie verstäerkt digital Inhalter ugebueden huet. Grondsätzlech kéint oder sollt eng Philharmonie oder en Orchester eng Offer am Netz proposéieren, seet de Stephan Gehmacher. D'Häerz vun hirer Aktivitéit wieren awer d'Live-Concerten. De Stream kéint de Live-Concert ni ersetzen. Et misst een elo probéieren erauszefannen, wéi wäit et Sënn géif maachen, nieft de Live-Concerten och e Stream ze proposéieren. Bei deenen éischte Concerte vum OPL mam Krystian Zimerman hätt sech dës Fro net gestallt, well de Solist souwuel eng Tounopnam, wéi och e Live-Stream géif refuséieren.

Educatioun

Am Educatioun-Programm hätt ee probéiert de Géigendeel vun deem ze maachen, wat ee soss gemaach hätt, seet de Stephan Gehmacher. Normalerweis géif een d'Opféierungen an engem méiglechst intime Kader organiséieren, wou de Publikum no un deem drun ass, wat op der Bün geschitt. Well dat elo awer net méi méiglech ass, géif een an deenen nächste Méint nëmme Formater proposéieren, déi een entweder am grousse Sall oder am Foyer realiséiere kéint. De Foyer, wat e risege Raum wier, a wou et och e grousse Loftaustausch géif ginn, géif dobäi fir Projete mat Beweegung genotzt ginn.

Flexibel vu Mount zu Mount

Den Ament géif ee flexibel kucken, wat vun der ursprénglech geplangter Saison kéint realiséiert ginn. Et géif sech d'Fro stellen, wéi een d'Opféierungen esou ëmbaue kéint, datt si der aktueller Situatioun gerecht ginn. Dofir hätt een net un der üblecher Deadline vum 15. Februar fir déi integral Saison festgehalen, mee et hätt ee se esou opgedeelt, datt ëmmer spéitstens den 10. vun engem Mount den iwwernächste Mount definitiv geplangt wier. (Beispill: D'Deadline fir den November ass den 10. September.)

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Schlofzemmerbléck
Schlofzëmmerbléck

"Schlofzëmmerbléck" - dat sinn 13 Lidder vu Lëtzebuerger MusekerInnen a Museker, déi am Confinement geschriwwen a produzéiert goufen. Den Yves Stephany proposéiert dës Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen als Album vun der Woch.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen