Slumbergaze Elektronesch, mysteriéis, komesch a verspillt

Den Eric Juncker seng zweet Single "Shade Plant" dréint ëm eng onscheinbar Hausplanz, déi et trotz allem fäerdeg bréngt, sech an engem Dschungel vu wonnerschéine Bléien duerchzesetzen. De Philippe Hansen wollt méi wëssen.

Philippe Hansen / cbi

Slumbergaze
Foto: Archiv

Elektronesch, mysteriéis, komesch, verspillt a mat vill Géigesätz verbonnen. D'Musek vu Slumbergaze ass duerch déi sëllegen Aspekter schwéier ze definéieren.

Als Multi-Instrumentalist zéckt den Eric Juncker net Noute vu senger eegener Bassgittar mat anzebauen. E Slumbergaze-Tune besteet net nëmmen aus digitale Sampelen. D'Harmonie entsteet eréischt wann d' Melodie an all minimalistesch Geräischer hir Plaz fonnt hunn.

De ganzen Interview mam Eric Junker lauschteren

Méi zum Thema

Slumbergaze
Gespréich mat Slumbergaze

Gëschter Owend live an de Rotonden zu Bouneweg a live op eiser Antenn: "Slumbergaze". Viru sengem Optrëtt an de Rotondë gëtt den Eric Junker Explikatiounen zu senger Musek.

Gudde Wëllen Sessions
Gudde Wëllen Sessions

D'Videoe vun de Sessions vun der Journée de la Musique sinn do! Et gëtt Rap op Lëtzebuergesch mat BC One, Skibi an dem Nicool, an instrumental elektronesch Musek mat Slumbergaze.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen