Shared Distance Elektronesch Compilatioun

Op enger neier Quarantän-Compilatioun vu Lagerkultur kënnt déi lëtzebuergesch elektronesch Musek zum Zoch, besonnesch dee méi minimale Bord. Mat /teip/, Aamar, Makadam, Vantane, Hirsto a Plastic Pedestrian si sechs interessant Stëmme vertrueden a bilden zesummen ee koherenten a lëftege Mix.

Marc Clement / cbi

Lagerkultur

"Lagerkultur wëllt konschtiwwergräifend schaffen an d'elektronesch Musek doduerch promouvéieren, datt mir si mat anere Forme vu Kultur associéieren." Dat war dem President vu Lagerkultur Philippe Hoffmann och bei der Compilatioun wichteg. Dës wäert live DJ-Sets, an enger Form oder enger anerer, mat sech bréngen.

"Mir sinn amgaang no Konzepter ze sichen, fir d'Mesurë wéinst Covid-19 ze respektéieren an trotzdeem eng beschtméiglechst Experienz ze bidden."

D'Compilatioun ass op Bandcamp unzelauschteren an ze kréien.


Lauschtert de ganzen Interview mam Philippe Hoffmann

Méi zum Thema

TUYS
Koll an Aktioun

Tuys huet an der lescht Stécker als Episode verëffentlecht. Nei Formater fir en neien awer manner gewinnten "Tuys Sound". Si hunn um Koll an Aktioun on AIR um radio 100,7 gespillt.

mambo schinki.jpg
Musek

De Mambo Schinki ass ëmmer méi dacks op offizielle Festivitéiten a soss Festivallen invitéiert fir de Public mat senger "Space Uergel" a säin Trëndel ze zéien. De leschte Samschdeg war hien um Koll and Aktioun on AIR.

AEM
Musek

Et war der Emma hiren éischte Concert ouni Public, an et war ongewinnt, ouni Reaktiounen. Mam zentrale Song am Set gedenkt d'Muskerin un déi rezent Ausernanersetzungen an de Vereenegte Staaten.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen