DJ Set vu Blood Red Shoes E würzege Mix fir bluddeg Schong

Si hunn am Virpgrogramm vun de Pixies gespillt, an dono op der Afterparty am 100,7-Studio fir Stëmmung gesuergt. Lauschtert den DJ Set vu Blood Red Shoes mat Rock-Klassiker tëschent The Jesus and Mary Chain an Dire Straits.

Marc Clement / ys

BloodRedShoes
Blood Red Shoes am Studio vum radio 100,7

Si hätten hir Carrière zu engem Zäitpunkt ugefaangen, wou een als Indie Band nach einfach e Plackevertrag konnt kréien, seet de Batteur Steven Ansell. Deemools hätt een als Museker genuch Sue verdéngt, fir dovun ze liewen.

"Nëmmen doduerch si mir sou wäit komm. Wann s de dech vollzäit kanns op d'Band konzentréieren, kanns de wierklech gutt ginn. Anescht ass et wierklech haart. Déi meescht Bands hunn hautdesdaags Problemer." Et wier elo méi einfach als Solo-Kënschtler, zum Beispill wann een elektronesch Musek géif maachen.

De briteschen Duo am Interview

Blood Red Shoes komme vu Brighton an hunn 2008 hire ganz Rock-lastegen Debut "Box of Secrets" erausbruecht. Eelef Joer duerno kléngt den Duo vill méi elektronesch. Op "Get Tragic" brénge Synthesizeren hirem Sound eng Renaissance.

"Mir spille scho sou laang zesummen", seet d'Sängerin Laura Carter. Hire perséinleche Goût hätt sech verännert, zanter datt si d'Band als Teenager gegrënnt hätten. "Mir wollten einfach aner Saachen ausprobéieren a mat Instrumenter spillen, déi mir nach benotzt haten." Och beim Songwriting wiere si nei Weeër gaangen. "Et ass wéi e laangjärege Mariage - you gotta keep it spicy ..."

An der Mediathéik:

Rockultur / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Dyson Stringer Cloher
Dyson Stringer Cloher - s/t:

Dyson, Stringer a Cloher assuméieren, ob si et wollten oder net, d'Roll vun Ambassadricen, déi Jonker, natierlech virun allem jonk Frae mat der Hand huele fir eng kuerz Streck, hinnen de Réck riicht maachen an d'Schëllere breet strecken.

Devendra Banhart - Ma
Devendra Banhart - Ma

Op senger 10. Solopack "Ma" beschäftegt sech den Devandra Banhart mat schénge südamerikanesche Wuerzelen an de batterséissen Erkenntnisser vun der Liewensmëtt. De Marc Clement huet eragelauschtert.

One True Pairing
One True Pairing - One True Pairing

A schwieregen Zäiten entsteet dacks gutt Musek. E Beispill dofir ass den éischte Soloalbum vum britesche Sänger a Museker Tom Fleming. Hien huet als "One True Pairing" en Album mam selwechten Titel erausbruecht.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen