Night Dreamer Direct-To-Disc Sessions E réit a magescht Zesummespill

Keng Postproduktioun, onnéideg Takes oder Gekniwwels. De Seu Jorge a Rogê sinn ouni Kappzerbrieches un hir éischt offiziell Collaboratioun erugaangen an hunn op eng äusserst direkt Manéier e puer Lidder opgeholl. Den Häre vu Rio de Janeiro hir "Night Dreamer Direct-To-Disc Session" ass eisen Album vun der Woch.

Jamie Reinert / cbi

Seu & Rogê

De Seu Jorge kennt ee vläicht als de sangende Matrous am Wes Anderson sengem "The Life Aquatic with Steve Zissou". Dee Mann, deen an dësem exzentresche Film dem David Bowie seng Hits op portugisesch gecovert huet. De réie Charme huet hien och op senger neier Collaboratioun mat sengem Landsmann Rogê afléisse gelooss. E weideren Ambassadeur vum Samba.

Verschidde Liewensëmstänn

Déi zwee kenne sech schonn eng Zäitchen. Allebéid sinn zu Rio de Janeiro grouss ginn, awer a ganz verschiddenen Ëmstänn. De Seu Jorge war laang op der Strooss an huet sech duerch d'Favela geschloen. De Rogê ass a méi gléckleche Konditioune grouss ginn. D'Musek huet déi zwee zesummebruecht a 25 Joer spéider ass elo déi éischt offiziell Zesummenaarbecht eraus.

Am August 2019 si si zu Haarlem bei Amsterdam an de Studio vum Label Night Dreamer gaangen. E Label, deem seng Philosophie et ass de Moment selwer esou direkt wéi méiglech festzehalen. Et héiert een de Seu Jorge & Rogê um Gesang a Gittar, awer och d'Perkussioniste Peu Meurray a Pretinho da Serrinha.

Wäermt a Perséinlechkeet

Déi siwe Stécker goufen direct-to-disc opgeholl. Eng Technik vu fréier, wou d'Musek direkt op eng Acetate-Plack ageritzt gëtt. Déi zwou Säite vum Album hunn dofir och misse jeeweils an engem Coup opgeholl ginn. Den natierlechen, akustesche Klang an dat réit a magescht Zesummespill sinn esou erhale bliwwen. Et héiert ee wéi d'Museker ootmen, emol houschten, sech um Stull beweegen an ënnertenee gecksen. Non-musikalesch Niewesächlechkeeten, déi d'Mënschlechkeet vum Spill ënnersträichen.

Dem Seu Jorge seng déif a breet Stëmm fënnt e schéint Géigebild an där vum Rogê, deen an engem méi héije Register doheem ass. Si sangen iwwer Frëndschaft, Léift an hir Heemecht, déi si mëttlerweil verlooss hunn. Elo liewen déi zwee zu Los Angeles a genéissen do hir nach-net-50.

Hir "Direct-To-Disc Session" ass eng intim an zäitlos Produktioun mat vill Loft a Raum. En Album, dee vill Wäermt a Perséinlechkeet ausstraalt.


An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Wire
Wire - Mind Hive

Wire haten als onorthodox New Wave Band en eminenten Afloss op de moderne Rock. Op hirem neien Disk beweise si, datt si och 44 Joer no hirer Grënnung nach eppes ze soen hunn.

Francis of Delirium
Francis of Delirium

E Grunge-Lidd als Rappell sech um Rimm ze rappen. Op der éischter offizieller Single vu Francis of Delirium geet déi 18 Joer jonk Musekerin op d'Sich no gesond Gedanken a Bedeitung am Liewen.

Fieldmusic
Field Music - Making a New World

Méi anescht wéi "The Wall" geet et net - Field Music revisitéieren de sozialpoliteschen, historesche Konzeptalbum a rëselen dobäi vill Interessantes aus dem Aarm. Et ass en historesche Konzeptalbum.

jan jelinek
Jan Jelinek

De Jan Jelinek gehéiert zu den interessantste Produzente vun elektronescher Musek. Hie gouf ufanks den 2000er Joren duerch seng Collagen-Technik bekannt. Wat kann ee vu sengem Optrëtt zu Esch erwaarden?

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen