Sundays vun Tanukichan E Manifest fir dat Luest a Lidderegt

Schwéier Gittaren, e gemittleche Beat an eng gehauchte Stëmm: D'Amerikanerin Hannah van Loom suergt fir déi Entschleunegung, déi mir all heiansdo sou batter néideg hunn. "Sundays" ass de perfekte Summeralbum.

Vicky Stoll / ys

Tanukichan

De Sonndeg ass kee gewéinleche Wochendag, e markéiert souwuel d'Ausfränjele vun der aler, wéi och d'Virwéie vun der neier Woch. Déi eng notzen de Sonndeg fir hir déck Bëls auszekuréieren, anerer briechen an e wëllen Aktionismus aus.

Genee dës Ambiguitéiten, déi sou e Sonndeg am Summer mat sech bréngt, versicht d'Hannah van Loon mat hirem Projet Tanukichan auszedrécken. De Fokus läit dobäi op dem Zoustand tëschent dem Dram an dem Waakregsinn.

"Sundays" ass no enger EP aus dem Joer 2016 deen éischte richtegen Album vun Tanukichan. Virdrun huet d'Kalifornierin Hannah van Loon a klengen Indie- a Punkbands gespillt. Vill méi ass iwwer si net erauszefannen. Fir dës nei Plack huet si zesumme mam Chaz Bundick vun der Chillwave-Formatioun Toro Y Moi zesummegeschafft, déi de Frënn vum beschwéngt-labberen Indie-Rock dierft e Begrëff sinn.

Stallhalen a lauschteren

Wat dës Scheif auszeechent, ass sou eng schmeier Lidderegkeet, déi sech genësserlech an all de Lidder breetmécht. Musikalesch ëmgesat gëtt dat an éischter Linn duerch en ëmmer relativ gemittleche Beat, Hektik kënnt op der ganzer Plack nämlech keng op.

En anert Element vun der Musek ass natierlech der Hannah van Loom hir onopdrénglech, bal geflüstert Stëmm, déi sech ganz agreabel an de Mix integréiert. Op där anerer Säit hu mir Schichte vu staark verzerrte Gittaren, déi net seelen un d'Shoegaze-Helde vu Slowdive oder My Bloody Valentine erënneren. Doduerch mécht sech eng lackeleg Monotonie breet, déi en enorme Sog entwéckelt. Et wëllt ee sech an déi Fotell vun Immobilitéit a Lidderegkeet erafalen a sech droe loossen. Eventuell hu mir et haut an den Zäite vum Selbstoptiméierungswahn verléiert, heiansdo stallzehalen an an eis eranzelauschteren.

De perfekte Summeralbum

Thematesch dréine sech d'Lidder vun Tanukichan ëm Notioune vu Gefiller, vun Ängschten oder Jalousie, déi relativ wäertneutral dohierkommen. D'Hannah van Loon fänkt souzesoen déi Stëmmungen an, déi ee sonndes moies sou iwwerkommen a presentéiert se op hirem Album als musikalesch Vignetten. Wat hei kéint als onbedeelegt oder gelangweilt mëssinterpretéiert ginn, ass éischter eng Pos vum Müßeggang.

Den Album ass e Manifest fir dat Luest an dat Lidderegt, fir dat mir eis haut ze seelen Zäit huelen. Firwat gëtt ee sech engem Gefill net emol eng Kéier einfach hin, amplaz ëmmer direkt alles wëllen ze analyséieren? Dës Iddi mécht den Album "Sundays" vun Tanukichan och zum perfekte Summeralbum, fir mueres am Bett a mëttes um Stau ze lauschteren.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Vicky Stoll
Lauschteren

Méi zum Thema

Bodega
Gespréich mat Bodega

Bodega vu Brooklyn sinn eng vun de Bands vum Moment. Mat hirem nervöse Post-Punk an hiren Texter iwwer Technik a Gesellschaft treffe si den Nerv vun der Zäit. Mir hunn d'Band begéint.

Virginia Wing- Ecstatic Arrow Christophe Hering
Virginia Wing - Ecstatic Arrow

Fir déi eng ass Vakanz een Zur-Rou-Kommen. Fir anerer ass Vakanz Synonym fir en Tapéitewiessel, bei deem sech ënner Ëmstänn méi frësch a kreativ schaffe léisst. Dat ass der Manchester Band Virginia Wing awer gelongen.

Kadhja Bonet's Childqueen
Kadhja Bonet - Childqueen

Psychedelesche Soul, R&B a Funk vun enger determinéierter a kosmescher Eenzelgängerin. "Childqueen" ass eng kosmesch Affär, an där d'Kadhja Bonet hire verdreemten a verdréinten Univers opdeckt.

Lump
Album vun der Woch

D'Laura Marling daucht déif an de Folk eran, während hire Partner Mike Lindsay op de Synthien de rhythmesche Contrepoint kultivéiert. LUMP ass eng nei Band, mee et si keng Newcomer.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen