Sektoriell Kulturassisen - Rock-Pop-Elektro an der Rockhal Du bass ee Museks-Wat?

Am Kader vum Kulturentwécklungsplang, deen déi kontinuéierlech Bestandsopnam vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg als Ambitioun huet, waren de Méindeg an der Rockhal zwou Table Ronden iwwer de Rock- Pop- an Elektroberäich zu Lëtzebuerg. De Kulturministère, deen dës Assisen organiséiert, versicht esou d'Acteure vum Secteur ze verstoen an den Developpement vu veschiddene Secteuren unzereegen, sou d'Kulturministerin.

Marc Clement / cz

Sektoriell Kulturassisen - Rock-Pop-Elektro an der Rockhal

De Bäitrag vum Marc Clement lauschteren


D'Potenzial vun dësem Secteur wier grouss, esou nach d'Kulturministerin Sam Tanson bei de Rock-Pop-an-Elektro Assisen. Déi zwou Table Rondes hunn déi verschiddenst Acteuren zesummebruecht. Museker, déi hir eege Managemenetstrukture grënnen oder eng Gesangsschoul bedreiwen, Manager vu Bühnen, Bookere bei Promoteuren, een Tountechniker a Produzent, ee jonke Manager, Leit déi spezialiséiert Medientranchë gestalten.

Zentral Punkten, déi aus der Diskussioun ervirgaange sinn, waren zum Beispill de Wonsch no enger Ausweidung vum Intermittents-Gesetz op auxiliär Beruffer wéi Manager, Organisateuren oder Techniker, där d'Ministerin positiv géigeniwwer steet. Dat ass besonnesch dowéinst nëtzlech, well sech déi Beruffer zu Lëtzebuerg an hirer Experimentéierphas befannen, mee hir Presenz hei erëm aner Verbindungen zum internationale Museksbusiness géif opmaachen. D'Méiglechkeet, och engem privaten, also professionaliséierte Betrib staatlechen Hëllefen zouzespriechen, wann e gemengnëtzeg Projetee matdréit, gouf och diskutéiert, verlaangt awer nach no Upassungen um legale Kader.

Ënnerstëtzung an Opbau vu Kompetenz

Vill vun den Intervenanten hunn och virun enger Iwwerprofessionalisatioun duerch déi ëffentlech Hand gewarnt, an drop higewisen, datt et kleng Büne sinn, op deene grouss Projeten hir Marque maachen. Et besteet awer keen Zweiwel drun, datt Amateuren och matënnerstëtzt solle ginn.

"Am Museksberäich wier dat warscheinlech nach méi komplizéiert wéi an deenen anere Konschtberäicher zu Lëtzebuerg, well mir och vill Professioneller hunn, déi deels kreativ an deels z.B. am Enseignement ënnerwee sinn, an do kënne mer déi Linn net esou streng zéien. Mir kucke schonn, datt mir et besser valoriséieren, wann d'Leit reng vun der Musek liewen, mee fir datt ee kann de Sprong maache ginn et och Leit déi Hallefzäit schaffen an Hallefzäit hirer Musek noginn, esou datt mir och déi Leit mat ënnerstëtzen. Dat heescht net, datt mir net an der Perspektiv schaffen, esou vill wéi méiglech Professioneller ze hunn."

Sensibiliséierungsaarbecht an der Schoul

Besonnesch a Coronazäite sinn déi éischt Knospe vun enger Professionalisatioun a relativ nei Beruffsbiller a Gefor sinn. D'Kulturministerin wéilt an Zukunft de Beräich "ronderëm de Kënschtler" ënnerstëtzen. Zousätzlech misste Kompetenzen am Managerberäich an am Promotiounsberäich ausgeabut ginn, eventuell kéint een hei op Erfarungswäerter am Ausland zeréckgräifen. Wat och een Impakt kéint hunn, wier der Sam Tanson no "wann een och an der Schoul schonns drop opmierksam mécht, datt Kreatioun net just de Kënschtlerberuff ass mee och vill Beruffer, déi do ronderëm nach existéieren."

Méi zum Thema

D'Festungsmauere vun der Stad Lëtzebuerg gehéieren zum UNESCO-Weltkulturierwen.
Accessibilitéit

D'Kulturministerin Sam Tanson huet nei Projete virgestallt, déi d'Kultur de Mënsche mat spezifesche Besoine méi accessibel solle maachen. Een dovun ass den UNESCO-Tour vun der Stad Lëtzebuerg.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen