Album vun der Woch Dieter Birr - Maschine

De fréiere Sänger vun der DDR-Kultband Puhdys dréint d'Auere mat sengem zweete Soloalbum e Stéck zréck. Hien erënnert un ee gedeeltent Land. A kuckt vun zwou Säiten op d'Mauer zwëschent Ost a West.

Fred Medernach / ys

Dieter Birr.jpg

Den 18. Mäerz feiert den Dieter Birr seng 72 Joer. Eng ganz Parti dervun huet hien an der DDR verbruecht. Besser gesot: tëscht Ost a West. Den Dieter Birr war Sänger a Komponist vun der DDR-Kultgrupp Puhdys. Well d'Band net méi existéiert, mécht hie solo weider. 

Geschichten amplaz Verzerrung

Op sengem Album "Maschine" benotzt hien awer d’Kapital, dat d’Puhdys hannerlooss hunn. Op sengem Soloalbum verbënnt hien e puer Neiopname mat de grousse Succèsen, déi hie fréier mat de Kollegen gesongen huet. Net eent zu eent, mee andeems hie si op dat reduzéiert, wat schonns deemools hiren Erfolleg ausgemaach huet: d’Texter an d’Emotiounsmomenter. De Rock, op dee si hannert der Mauer wéi bänzeg waren, bleift dobäi gréisstendeels op der Streck. D'verzerrten elektresch Gittaren, déi deemools fir ee Moment Westfeeling a Fräiheet vermëttelt hunn, maache Plaz fir nei Arrangementer. Mol dezent, mol hymnenhaft vu Straicher a groussem Piano begleet.

Nei Versiounen, déi dem Dieter Birr seng Haaptqualitéit an d’Fënster stellen: De Mann ka Geschichten erzielen. Ouni groussaarteg Stëmm déi vum Keller bis op de Späicher geet, awer mat enger Stëmm där een nolauschtert. An déi besonnesch bei de Puhdys-Reprisen d’Aueren eng Grëtz no hanne réckelt.

Ost meets West

En Atout vum Dieter Birr sengem zweete Soloalbum sinn och d’Gäscht: Den Toni Krahl, Sänger bei der anerer DDR-Kultband City, d'Julia Neigel a virun allem de Wolfgang Niedecken, mat deem zwee Lidder zesummen agesong ginn. An engem dervun, "Was wussten wir denn schon", gëtt vum Kenneléieren tëscht Puhdys a BAP erzielt. Dat war 1984, am Hannergrond d'Mauer a schaarf Munitioun.  Deen ee gesäit d’Saach aus der Ost-Perspektiv, deen aneren huet de Westbléck. Allebéid mierke si, dass dat, wat d'Politik getrennt huet, vill Parallelen a Gemeinsamkeeten hat. 

"Maschine" vum Dieter Birr ass kloer en Album fir den däitsche Maart. Wobäi Oueren, déi zu Dresden doheem sinn e wuel nach anescht lauschteren wéi Münchener oder Kölner. E Stéck Erënnerung un en deemools gedeeltent Land. E Stéck on-akademesch Zäitgeschicht a Nouten an a Wierder.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Fred Medernach
Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen