Musek am Gespréich Den Trompettist Philippe Schartz

De Philippe Schartz, Joergang 1969, huet als Kand an der Schëfflenger Musek ugefaangen Trompett ze spillen. Et huet net laang gedauert, an dat jonkt Talent schreift sech am Escher Conservatoire an an huet ëmmer méi Spaass mat sengem Instrument.

Manuel Ribeiro / cbi

Philippe Schartz
De Philippe Schartz ass ursprénglech Schëfflenger an ass zanter 22 Joer Solo-Trompettist am BBC National Orchestra of Wales

No senger Première verléisst hie Lëtzebuerg, well hien d'Chance krut, an England Musek ze studéieren. Aus deem wat am Ufank just Spaass war, ergëtt sech eng Leidenschaft, an de Philippe Schartz entscheet sech, eng professionell Karriär ze maachen.

22 Joer elo ass de Philippe Schartz Solo-Trompettist am BBC National Orchestra of Wales. 22 Joer, an deenen hien och CD-Produktioune matgemaach huet, Meeschtercourse gehalen oder als Solist mat aneren Orchesteren opgetrueden ass.

Mee de Philippe Schartz huet Lëtzebuerg net vergiess. Reegelméisseg kënnt hien heem, fir Museksprojeten oder fir seng Famill a Kolleegen erëmzegesinn. Aktuell ass de Brexit een Theema, dat och déi net-brittesch Museker an England, wéi eben de Philippe Schartz, beschäftegt.


Genuch Theeme fir de Manuel Ribeiro am Gespréich mam Trompettist Philippe Schartz.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Igudesman & Joo
Den OPL op der Kopp

Iwwer 45 Millioune mol goufen hir Videoen op Youtube geklickt. Elo ass den Duo zu Lëtzebuerg an dréit den OPL op d'Kopp. Hir Meenung: Humor gëtt an der klassescher Musek net seriö genuch geholl.

Lucilin Japan
United Instruments of Lucilin

Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin ass den Ament op enger Tournée duerch Japan. De Perkussionist Guy Frisch verréit seng Andréck nom éischte Concert.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdes-Magazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Net verpassen

Dossieren

  • Berlinale 2020

    D'Berlinale feiert dëst Joer hire 70. Gebuertsdag ënner den neien Direktere Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. D'Sarah Peppin an den Tom Dockal si fir eis op der Plaz.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen