Live zu Iechternach Sophie Hunger: "Den Nolauschterer ass wéi ee Geescht, dee beim Schreiwen nokuckt"

Der Sophie Hunger hir Musek war schonn ëmmer éischter intim, an och extrem detailverléift. Zanter datt déi Schwäizer Sängerin a Lidderschreiwerin hire Wunnsëtz virun e puer Joer op Berlin verluecht huet, schwätzt d'Groussstad méi staark aus hirer Musek, an nei Komplizen hëllefen dobäi, hir Stëmm an elektronesch Kläng anzepaken.

Marc Clement / cbi

Sophie Hunger

"Halluzinationen" (2020), hir lescht Plack, verbënnt konfessionelle Songwriting, performatiivt Sangen, a villsäiteg, bedeitungräich Arrangementer, déi d'Saach op de Punkt bréngen.

Aus dëser Plack wäerte wuel vill vun de Lidder op hirem Concert zu Lëtzebuerg, den 20. Juli am Haff vun der Iechternacher Abtei, gewielt sinn. De Concert ass ee vun deene Wéinegen, op deenen ee Chouer matreest, an hir Musek nach eemol a ganz aner Kleeder apaakt.

Am Gespréich schwätzt d'Sophie Hunger iwwer d'Live-Opnam vun hirer Plack an den Abbey Road Studios zu London, hir Aarbechtsweis, a wat et mat deenen "Halluzinatiounen" am Fong op sech huet.

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Sophie Hunger
Sophie Hunger - Molecules

Krautrock amplaz Chanson, Techno amplaz Walzer - sou kléngt deen neien Album vun der schwäizerescher Sängerin Sophie Hunger. Stilistesch an textlech ass si manner breet opgestallt wéi op hire viregte Wierker.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • On air

    Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen