Sunset Model Den neien Album vum Napoleon Gold

De Produzent Antoine Honorez presentéiert säin éischte Longplayer. Et ass eng Kollaboratioun mat ville Gäscht. Fir d'Texturen an d'Sounds huet hie mat sengem Produzent Pierre-Hadrien Trigano zesummegeschafft.

Marc Clement / cbi

Napoleon Gold
Den Napoleon Gold huet eng nei Plack erausbruecht. Foto: Guillaume Kayacan

"Ech wollt, datt d'Plack déi ganz Bandbreet vu Stiler an Influenzen zesummebréngt, déi mech ausmaachen, an dofir sinn och esou vill Kollaboratiounen drop. "La nuit je ne dors pas, je pense à toi" ass mäin Text, an ech sangen op dësem Song och selwer. Op deenen aneren hunn ech d'Musek gemaach an de respektive Sänger a Rapper fräi Hand gelooss."

Fir d'Texturen an d'Sounds huet den Napoleon Gold enk mat sengem Produzent Pierre-Hadrien Trigano zesummegeschafft, dee fréier bei Natas Loves You geschriwwen a gesongen huet. Hien ass och d'Lead-Stëmm op "If You Want Me To".

Eng Kollaboratioun mat ville Leit

Jerôme Klein, Jesus Honcho, Jalen Santoy, Madge, Anna Majidson, Haiva Ru a Raquel Barreira heeschen déi aner Gäscht op Sunset Motel, eng Mëschung aus lëtzebuergesche Korypheeën an amerikanesche Labelkolleegen deemno. D'Fënster vum Sunset Motel ass wäit op, an esou munch een huet Loscht, bis eranzesprangen.

Live kann een den neie Programm bei der Presentatioun vum Disk an der Bréisseler Ancienne Belgique den Donneschdeg 24. Oktober erliewen. Op eng gréisser Tour geet et am Moment nach net. Wuel awer gëtt schonn u weiderer neier Musek geschafft. D'Nuecht am Sunset Motel gëtt et bis dohinner zum gewinnte Präis op deene gewinnte Plattformen, an och geschwënn op Vinyl.

An der Mediathéik:

Backstage / / Mike Tock
Lauschteren

Méi zum Thema

Seed to Tree
Wichtege Showcase Festival

Fir d'Lëtzebuerger Indie-Band kann dësen Optrëtt e Sprangbriet sinn. De radio 100,7 huet de Quartett invitéiert. Als Member vun der EBU kann den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg ee Concert bestëmmen.

Serge Tonnar - Aner Lidder
Bekannte Lidder op Lëtzebuergesch

Jacques Brel a Bob Dylan op Lëtzebuergesch ... Geet dat iwwerhaapt? Jo, seet de Serge Tonnar. Dëse Samschdeg presentéiert de Sänger "Aner Lidder" - en Album mat just Coverversiounen.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen