arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuelen, Programm an Zukunft

Enseignement musical

|
reading time

5 min

Zuelen, Programm an Zukunft

D'lescht Joer gouf et zu Lëtzebuerg 16.868 Schüler am Enseignement musical. Dëst Joer géif ee mat iwwer 17.000 Schüler rechnen, seet de Pol Schmoetten, Commissaire à l'enseignement musical. Dës Progressioun bestätegen och de Paul Scholer, Direkter vun der UGDA, an de Marc Meyers, Direkter vum Stater Conservatoire.

reading time

5 min

D'UGDA zielt haut 5.800 Schüler. An der Moyene géifen all Joer ongeféier 200 Unitéite dobäi kommen. Virun allem bei deene klenge Schüler géif een eng grouss Hausse bemierken, seet de Paul Scholer. D'Prozentzuel vun de Schüler am Eveil musical géif bei ronn 14 Prozent leien. Och de Marc Meyers stellt fest, datt den Eveil musical en enorme Succès huet. Dëst wier eng positiv Entwécklung, besonnesch wann ee bedenkt, datt all déi Schüler spéider eventuell och en Instrument wéilte léieren.

Fir der Demande nozekommen, hätt ee mat den Extensioune virun e puer Joer e wichtege Schratt gemaach, seet de Marc Meyers. Et wier nämlech esou, datt d'Demande exponentiell géif wuessen, an datt ee mat de Quartiersmuseksschoulen eng Manéier fonnt hätt, fir deene verschiddene Missioune vum Conservatoire gerecht ze ginn. Et misst een net nëmmen un der Infrastruktur schaffen, mee och un der Struktur vun Enseignement an déi pädagogesch méi geziilten Aufgabeberäicher formuléieren, fir effikass kënnen op d'Demande ze reagéieren.

D'Schoul: En Ëmfeld, dat sech verännert

Bei dëser Panoplie un Aufgabe stellt sech d'Fro, ob net och d'Schoulen en Deel dovunner iwwerhuele kënnen. Et hätt een zu Lëtzebuerg als Conservatoiren déi grouss Chance, vill kënnen unzebidden, seet de Marc Meyers. Allerdéngs géifen d'Schoulen a Richtung Ganzdagsschoul goen, wat et ëmmer méi schwiereg mécht fir d'Schüler ze englobéieren. Ganz interessant an deem Kontext wier och d'Evolutioun vun de Maison relaisen an de Foyer scolairen. Eng méi staark Integratioun vun der Musek hätt de Virdeel, datt een all sozial Schichte géif erreechen.

Et géif keen Zweiwel dru bestoen, datt dee ganzen Impakt vun der Kultur misst nei diskutéiert ginn, wat den Enseignement general ubelaangt, seet de Pol Schmoetten.

"Do ass sécher en Defizit, an do ass sécher vill ze maachen. An d'Musek ass ee vun de Punkten dozou."

D'Musek an der Schoul an an de Strukture ronderëm d'Schoul unzebidde wier verhältnisméisseg einfach op deene Plazen, wou déi entspriechend Strukturen no beienee leien. Wa se geografesch méi wäit ausernee leien, géif et organisatoresch Problemer ginn, wéi zum Beispill d'Fro vun den Assurancen.

D'UGDA géif ëmmer méi enk mat de Schoulen, de Maison relaisen an de Foyeren zesummeschaffen. Et wier awer wichteg, dat Ganzt an engem méi grousse Kader zesummenzebréngen, fir datt och all Kand en Urecht op eng Museksstonn kéint kréien, seet de Paul Scholer. Aktuell géif et zu Mamer e Projet ginn, wou all d'Kanner aus der Spillschoul pro Woch 45 Minutte Musek kréichen.

Solfège: Kennt eng Reform?

De Solfège wier net nëmmen e Fach mat enger laanger Traditioun, mee als Flichtfach géif et och dee gréissten Deel vun de Schüler betreffen. Et géif net bezweifelt ginn, datt de franco-belsche Solfège aus dem 19. Joerhonnert reforméiert misst ginn, seet de Marc Meyers. Dat net, well e schlecht wier, mee well en un de Besoin vun de Kanner misst ugepasst ginn. Allerdéngs misst een drop oppassen, datt den aktuellen Niveau erhale bleift. Ganz séier geet esou eng Reform awer net iwwer d'Bühn, well:

"Eppes, wat - soe mir mol - zanter Joerzéngten an enger gewësser Form als Flichtfach do ass, mengen ech, brauch eng gewëssen Zäit fir kanaliséiert ze ginn a vläicht eng aner Administratiounsform ze fannen."

De Solfège zu Lëtzebuerg wier eng Traditioun, déi am Ausland beneit géif ginn, déi awer vill Zäit géif kaschten, seet de Pol Schmoetten. Déi, déi spéider Musek studéieren, wiere frou e gemaach ze hunn. Déi allermeescht géifen awer keng Musek studéieren, an do géif ee sech froen, ob dat sënnvoll ass, datt d'Kanner esou vill Zäit mam Solfège verbréngen. D'Diskussiounen iwwer eng Reform lafen den Ament, an de Pol Schmoetten weist sech optimistesch, datt een am Laf vun dësem Schouljoer eng Léisung géif fannen.

Enseignement superieur: Ass e Studiëgang an der Musek zu Lëtzebuerg sënnvoll?

Trotz Bologna wier et den Ament esou, datt d'Niveaue vun den Héichschoulen am Ausland ganz ënnerschiddlech sinn. Bei deenen enge wier den Niveau vun engem Bachelor deen, deen ee bei enger anerer brauch fir d'Opnamexamen ze packen, seet de Marc Meyers. Zu Lëtzebuerg ass de "Supérieur" den héchsten nationalen Diplom. D'Kandidate mat esou engem Diplom géife spéider op enger Héichschoul dacks ugebuede kréien de Bachelor, deelweis souguer de Master ze iwwersprangen. Dëst géif weisen, datt d'Hierarchie an d'Nomenclature duerchernee wieren. Well dat esou ass, kéint et sënnvoll sinn, sech d'Fro ze stellen:

"Wéi kënne mir a geuerdente Verhältnesser [...] probéieren [...] eis Kandidaten, an och vläicht déi aus der Groussregioun, grondsätzlech dohinner ze féieren, datt mir wëssen: Wann dat um Diplom dropsteet, dann ass och dat dran."

D'Gespréicher hätte viru véier bis fënnef Joer ugefaangen a wieren am Gaang finaliséiert ze ginn, seet de Marc Meyers:

"Ech denken, datt een do sécher scho weider komm ass an de Gespréicher fir ze sondéieren 'Wéi kéint dat ausgesinn?' an et ass elo un enger offizieller Ebene fir de Geste oder respektiv déi Preparativen, déi gemaach sinn, unzëerkennen an ze soen, jo, dee Besoin ass do a mir kéinten eis dat esou an esou virstellen."