Pianist a Komponist Den David Ianni op der Sich no Harmonie

Zanter senger Kandheet komponéiert den David Ianni. Seng harmonesch Musek steet fir dat Gutt, fir Gléck an Hoffnung. Schif Téin si géint seng Natur. Seng Kraaft zitt de Pianist aus dem Glawen.

David Ianni
©Vera Geiring

Ee Concertspianist, deen och seng eege Musek schreift ass relativ seelen. Den Drang, fir selwer ze komponéiere wär schonn ëmmer do gewiescht, sou den David Ianni. Schonn als Kand hätt hien op engem klenge Keyboard eege Melodie gespillt. "A menger Famill war kee Museker. Awer si hu Gottseidank realiséiert, datt si mech sollten an de Conservatoire schécken."

Virun allem d'Zäit am Escher Conservatoire hätt hie geprägt. "Den Daniel Feis huet eng grouss Basis bei mir geluecht, vun där ech bis haut profitéieren." Niewent senger Aarbecht als Pianist a Komponist ass den David Ianni mëttlerweil selwer Enseignant am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck. Et wär eng grouss Freed, fir jonke Leit dat ze vermëttelen, wat ee selwer geléiert hätt.

"Engem ënnere Ruff nogaang"

Déi zäitgenëssesch Kompositioun hätt hien ni ugeschwat. Dat Atonaalt hätt hien net als Konscht ëmfond. Seng eege Kompositiounen huet an enger éischter Phase fir sech gehal an eng klassesch Carrière als Pianist lancéiert.

Obwuel hien e gewësse Succès hat, wollt hie léiwer eege Kompositioune spillen. "Ech sinn einfach engem ënnere Ruff nogaang. Ech wousst: dat Doten ass Mäint." Nodeems hien eng Rei Joeren huet missen niewent senge Wierker och klassesch Kompositioune spillen, huet hie sech elo dofir entscheed, just nach eege Stécker z'interpretéieren.

Musek géint dat Béist

Am Beräich vum Atonalen a vum Dekonstruéiere vun der Musek wär schonn alles gemaach ginn, mengt den David Ianni. Senger Meenung no gëtt et en natierleche Besoin fir tonal Kompositiounen: "De Mënsch sicht am Endeffekt ëmmer de Fridden an net de Krich. E sicht Gléck an net d'Ongléck. E sicht d'Hoffnung an net d'Verzweiwlung." Wann ee Musek géif lauschteren, wéilt een eppes dobäi gewannen.

Ee klengt Meedchen hätt dem Pianist eng Kéier ee Bréif geschriwwen, an deem stoung: "Ech lauschteren Owes gär deng Musek, well si verdreift all déi béis Gedanken." Dat wär op eng ganz einfach, kannereg Art a Weis ausgedréckt, ëm wat et a senger Musek géif goen.

Relioun als Basis

Schonn als Jugendlechen hätt hie missten ee Profi sinn, deen hien awer net gewiescht wär. "Dat huet mech ënnerlech erschüttert, well ech keng Basis hat. Well ech kee Glawen hat." Hien hätt fir sech dunn eng Heemecht am Chrëschtentum fonnt. Deen Afloss héiert ee ganz däitlech am David Ianni senge Wierker.

Bis elo huet den David Ianni zwee Diske mat eegene Kompositiounen erausbruecht: "Night Prayers" (2010) a "Prayers of Silence" (2014). Op dësem Wierk exploréiert hie mat harmoneschen Dissonanzen d'Wiesselwierkunge vun Téin a Stëllt. De Pianist confirméiert, datt deen nächsten Album schonn opgeholl wär, datt hie momentan no engem Label géif sichen.


Audio: De Manuel Ribeiro am Gespréich mam Pianist

Iwwer Optrëtter vum David Ianni kann ee sech am Agenda op sengem Internetsite informéieren: http://www.davidianni.com/

 

Méi zum Thema

Arthur Possing Portrait
Lëtzebuerger Pianist

Den Arthur Possing weess wat hie wëll: Jazz maachen. De Pianist a Vibraphonist huet 19 Joer, steet kuerz virun der Première a virum éischte Präis. Duerno soll et op Bréissel goen. Awer net fir ëmmer.

DeLaSalle(c)LynnGoldsmith
Piano

D'franséisch Pianistin Lise de la Salle huet den 1. Februar mat de Solistes Européens an der Philharmonie gespillt. Am 100,7-Interview verstoppt si net wéi glécklech si mat hirem Beruff ass.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen