Gruff Rhys an de Rotonden Den Danz um Vulkan

Leider ass den Toun vun engem Telefonat net gutt genuch, fir d'Kuliss eriwwerzebréngen, déi de fréiere Sänger vun de Super Furry Animals, a laangjäreg erfollegräiche Solo-Songwriter, wärend eisem Gespréich wuel am Ouer hat. An enger Wiss op engem Camping a West Wales, entspaant hie virun der Tournée vu senger Plack "Seeking New Gods" mat der nach jonker Famill. An déi Tournée geet haut den Owend et an de Rotonden zu Bouneweg lass.

Marc Clement

Gruff Rhys

"Ech muss all Concert huelen, wéi e kënnt. Et sinn e puer Festivalle geplangt, mee verschiddener sinn och ofgesot ginn. Ech sinn natierlech frou ze spillen, mee ech wëll och net de Leit hir Sécherheet op d'Spill setzen."

Op senger Plack "Seeking New Gods" ass ee Vulkan den Haaptprotagonist. De Mount Paektu gëtt et wierklech, e steet op der Grenz tëschent China an Nordkorea an et ginn dem Bierg mythesch Proprietéiten a Kräften nogesot. D'Texter erziele vun deene Rëss, déi Brexit, Trump a medial Manipulatioun an der Gesellschaft hannerlooss hunn - net nëmmen a Wales. Gréisstendeels 2018 geschriwwen, benotzt d'Plack mat geeschterhafter Hellseherei d'Metapher vun der Pescht a vun der Krankheet, fir dës politesch Effekter ze beschreiwen. Tragescherweis goufe si op ee Moment och wuertwiertlech interpretéierbar.

Verännert d'Papp Ginn d'Manéier, wéi e seng Musek schreift?

Wann de Museksgoût vu senge Kanner hien net beaflosst hätt, wier d'Virgängerplack Pang! net als digitale Pop erauskomm, esou de Museker.

Fir déi leschte Plack war d'Konzept allerdéngs anescht. De Gruff Rhys huet d'Lidder komplett fir seng Band ausgeschriwwen. D'Arrangementer si grouss mee einfach, mat Bass, Piano, Gitar a Batterie opgeholl, déi vun engem Solina-Straichersynthesizer aus de 70er mat atmosphäreschem Drönen an anere Klangteppecher ënnerluecht sinn.

De Gruff Rhys ass keen extrovertéiert Bünendéier. Fir datt de Public seng schei Manéier net als ofweisend empfënnt, kommunizéiert hien op der Bün gäre mat Käertercher a Pancarten.

De Gruff Rhys spillt den 11.08 um 8 Auer an de Rotonden zu Bouneweg. D'Billjeeën an der Oweskeess si fir 16 Euro ze kréien an et geet ëm 20 Auer lass.

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Gruff Rhys
Gruff Rhys - Seeking New Gods

De Waliser Gruff Rhys steet fir Feel-Good Musek mat psychedeleschem an heiansdo nodenklechem Aschlag. Seng nei Plack "Seeking New Gods" ass bis zum Platze gefëllt mat accessiblen Hooks an interessanten Twists.

International Music
Album vun der Woch

D'Formatioun International Music presentéiert op hirem zweeten Album "Ententraum" Ruhrpottromantik an éischter ongewéinlech Dramfantasien. Véier Joer no hirem Debut beweise si, datt den Hype méi wéi gerechtfäerdegt ass.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen